
© AFP/Archiv/Josh Edelson
Aktuell brennt et op 3 Plazen am kalifornesche Bundesstaat: An der Regioun ëm d'Uertschaft Paradise ass dat sougenannten "Camp Fire" nach ëmmer net ënner Kontroll. D'Feier ronderëm Malibu gëtt "Woolsey Fire" genannt. Den drëtte Bëschbrand "Hill Fire" ass am Bezierk Ventura nordwestlech vu Los Angeles. Op d'mannst 90.000 Hektar Land goufe bis elo duerch di eenzel Bränn zerstéiert. D'"Hill Fire" konnt aktuell am meeschten agedämmt ginn, dat vu Pompjeeën, déi am Dauer-Asaz. Am Ganze sinn der op d'mannst 9.000 am Asaz.
Zu der Fro, wisou et esou schwéier ass, d'Bränn ënner Kontroll ze kréien, ginn et haaptsächlech 3 Grënn: Wärend de leschte puer Méint gouf e Néierschlag vun 12,7 Zentimeter registréiert. D'Feier gëtt also duerch eng enorm Dréchent favoriséiert. Et ginn immens vill Planzen a Kalifornien, ma wéinst der Dréchent, sinn 129 Millioune Beem ofgestuerwen – dës sinn ideal domat e Feier entstoe kann. Staarke Wand gëtt als 3. Grond genannt. Zemools aus der Nevada-Wüst kënnt dréche Loft a Südkalifornien eriwwer.
Engem leschte Bilan no sollen dann net manner ewéi 55 Leit an de Flamen ëm d'Liewe komm sinn. Déi meescht Doudesaffer goufen an der Géigend vum "Camp Fire" gezielt. D'Rettungsequippe ginn dovunner aus, datt dës Zuel weider klamme wäert, well nach ëmmer Leit vermësst ginn. Méi wéi 200.000 Mënschen si vun de Feiere betraff. Leit, déi geflücht sinn, hunn alles verluer, wat si besëtzen. De Versécherungsschutz géint Feier an den USA ass fräiwëlleg an deier – deemno si vill Leit finanziell net ofgeséchert.