
© Pixabay
Wéi bei Villem soll een och hei Step-By-Step ufänken, säi Konsum ze deckelen – an dat ass guer net esou schwéier. A Punkto Plastik kann een do ganz einfach ufänken. Ugefaange bei de Plastikstuten – jidderee vun eis huet mëttlerweil op d'mannst 1 Öko-Tut doheem. Amplaz sech Fläschen aus Plastik kafen ze goen, kann een hei op eng Drénk-Fläsch zeréckgräifen, déi ee mat Krunnewaasser opfëlle kann. Fir Besteck, Schallimoen an Ouerestäbercher aus Plastik ginn et och eng Partie Alternativen. Hei huet d'EU jo Enn Oktober och e fir e Verbuet vun esou Produiten aus Plastik bis 2021 gestëmmt.
E grousse Problem ass dann och d'Verschwendung vun Iesswueren. Weltwäit gi 40% vum Iessen, dat mir kafen, ewechgeheit. Deemno soll ee manner kafen, fir esou eppes z'evitéieren. Méi dacks akafe goen, mee dofir ëmmer just dat, wat een och wierklech brauch. 5 nei Kleedungsstécker pro Mount ass dann och net wéineg, ma dat ass natierlech en Duerchschnëttswäert. Wann een awer eemol de Mount akafe geet, kann ee séier op dës Zuel kommen – hei zielt Ënnerwäsch a Strëmp dobäi. Och wa Solde sinn – et ass kee gudden Deal, wann een et net wierklech brauch. D'Moud-Industrie lieft natierlech vum Wiessel an neie Kollektiounen, ma awer soll ee säi Konsum hei iwwerdenken a beim nächsten Akaf zwee-dräi Mol iwwerleeën, ob een dat wierklech brauch.