Frühstücke reduzéiert Risk vun DiabetisMuss ech moies eppes iessen?

Verschiddener vun eis mussen direkt nom Opstoen eppes iessen, déi aner kënnen ouni Problem bis mëttes dorop verzichten. Wat ass elo awer méi gesond?

Leschten Update: 20.11.2018, 13:15:19

© Unsplash

Ob reegelméisseg Kaffi drénken den Diabetis-Risiko beaflosst, dat hu Fuerscher vum dätschen Diabetis-Zentrum méi genee ënnert d’Lupp geholl. An der Altersklass tëschent 18 an 30 Joer verzicht all Zweeten moies op d’Iessen.

Verdeelt op 6 Laangzäitetude sinn d’Wäerter vu 95.175 Leit kontrolléiert ginn. Vun dëse Participante waren der zum Schluss 4.935 un Diabetis Typ 2 erkrankt.

© Unsplash

Ma jiddereen huet aner Virléiften, wat d'Iesse moies ugeet. A wéi engem Typ fann dir iech erëm?


De Müsli-Expert:

Entweder all Dag de selwechte Müsli oder ëmmer en anere kulinareschen "Porridge" mat enger faarweger Uebst-Mëschung, ergänzt mat wäissem Jughurt. Jee no Virléift ronnt de Müsli-Expert seng Kreatioun mat Hunneg of an zum Schluss gëtt dat Ganzt dann nach mat Mëllech perfektionéiert.

Dat éiwegt Kand:

Et ass een ni ze al fir eng Schmier mat Schockelasbotter an e Schocki! Ob de Schocki elo waarm oder kal, mat oder ouni Schlagsahn a Marshmallows ass, ass eigentlech egal. Et gëllt, wie méi Schockela moies zou sech hëlt, dee start och besser gelaunt an den Dag.


Den "Ech brauch just eng Zigarett"-Typ:

Moies aus dem Bett, schnell an d'Buedzëmmer an dann e schwaarze Kaffi an dobäi GANZ WICHTEG - eng Zigarett! Verschidde Leit brauchen eben net vill, fir glécklech ze sinn.


De Fanatiker:

Déi huelen näischt méi seriö, ewéi moies Kaffi ze drénken. Mat groussem Opwand riichten si moies e ganze Buffet op, egal ob si eleng iessen oder ob si zu méi sinn. Et gëtt alles vun Eeër, bis Charcuterie iwwer Saumon a 4-5 verschidde Broutzorte bis hin zu Jughurt, Müsli a frëschem Uebst. Och mam Gedrénks spaassen si net. Mëllech, Kaffi, verschidden Zorte Jus an deemno wéi souguer Schampes.


Dir gesitt, et gi vill Méiglechkeeten, moies Kaffi ze drénken. Wéi dir dat maacht ass iech iwwerlooss. Haaptsaach dir gitt moies net mat eidelem Mo aus dem Haus!