VerschwierungstheorienWa Fakten an Informatiounen ignoréiert ginn

Verschwierungstheorie goufen et nach ëmmer. Si solle grouss Evenementer alternativ zur offizieller Versioun erklären.

Leschten Update: 15.11.2018, 17:13:10

© Pixabay

Fligeren déi Chemtrails iwwer den Himmel zéien, Moundlandungen, déi ni geschitt sinn, Regierungen, déi hir eege Stied attackéieren an US-Spëtzepolitiker, déi am Keller vun enger Pizzeria e Kannerporno-Kartell bedreiwen – Verschwierungstheorie goufen et nach ëmmer a wäerten et och ëmmer ginn. Dobäi geet et ëmmer drëms, dass Fakten an Informatiounen ëmgeschriwwen oder ewechgelooss gi fir eng eegen Theorie zu engem groussen Evenement ze beweisen.
An dobäi geet et ebe meeschtens och drëms, dass bewise soll ginn, dass et eng Verschwierung vu Politik, Wirtschaftsgréissten oder soss Gruppéierunge gëtt, déi dat wat wierklech geschitt ass wëlle geheim halen.

Verschwierungstheorie sinn esou al wéi de Mënsch selwer

Verschwierungstheorie ginn et zanter dass et Mënsche gëtt. Schonn am Mëttelalter hunn dës richteg grouss Ausmoossen ugeholl, denkt een z.B. un d'Soe vu Judden, déi fir d’Pescht am 14. Joerhonnert responsabel gemaach gi sinn, well si solle Pëtzer vergëft hunn. Méi massiv sinn esou Theorien awer zanter dem 19., virun allem awer dem 20. an 21. Joerhonnert entstanen.

Hei de Reportage am Toun!


Déi bekanntsten ass wuel d'Geschicht vun der Area 51 am südlechen Nevada. An dëser Ariichtung, esou d'Theorie, géifen Ausserierdescher gehalen oder mat hinne kommunizéiert ginn. Oder huele mir déi bekannte Chemtrails, eng Theorie, déi näischt vun hirer Popularitéit verluer huet. D'Unhänger vun dëser Theorie ginn dovun aus, dass an de Kondenssträife vun de Fligeren, déi mir gesinn, Chemikalien dra sinn, déi sech op déi eng oder aner Weis op d'Bevëlkerung sollen auswierken.

Beweiser a Fakte gi gekonnt ignoréiert

Enger anerer no ass den Hitler ni gestuerwen an huet sech nom Weltkrich a Richtung Argentinien, Antarktis oder souguer nach op de Mount duerch d'Bascht gemaach. Dass säi Gebëss ënnersicht ginn ass, dat beweist, dass en eendeiteg 1945 gestuerwen ass, dat ass den Theoretiker egal.

Ganz aktuell ass jo weider d'Theorie, dass de Klimawandel vu Wëssenschaftler erfonnt ginn ass, fir Fuerschungsgelder ze kréien a weltwäit de Sozialismus anzeféieren.

Och zu Lëtzebuerg ginn et Verschwierungstheorien

Ma och Lëtzebuerg ass net vu Verschwierungstheorie fräi. Eng vun deene populäersten ass eng Méiglech Verwécklung vum Prënz Jean, also dem Burdder vum Groussherzog an d'Bommeleeëraffär. Trotz Alibi hält sech och dës Theorie bei ville weiderhin. Ma et ass genee dat de Problem bei Verschwierungstheorien: Wierklech Fakten oder Informatiounen, déi d'Theorie widderleeë gëlle kaum, wat zielt sinn déi, déi d'Theorie ënnerstëtzen.