
© afp
Et gëtt vill Recommandatioune fir e gudde Schlof ze fannen: ënner anerem, op Alkohol ze verzichten, Smartphone a Fernseh aus dem Schlofzëmmer z’eliminéieren oder och nach Meditatiouns-Training. Oder et gräift een zu enger Mesure, déi relativ einfach ass a kee Verzicht bedeit: nämlech Musek aschalten.
Britesch Musekswëssenschaftler vun der Uni zu Sheffield wollten dozou méi gewuer ginn an hu knapp 1.000 Leit zum Thema befrot. Ëmmerhi soten hei 12%, dass si all owes Musek lauschtere fir anzeschlofen. Knapp ee Véierel mécht dat op mannst eemol d’Woch. Déi aner Leit déi gefrot goufen, lauschtere méi seele Musek beim aschlofen.
Fir d’Leit déi befrot goufen, leien d’Virdeeler op der Hand. Musek lenkt vum Stress of, hëlleft z’entspanen a sech méi sécher a gebuergen ze fillen.
D‘Fuerscher hunn och gefrot, wéi eng Musek d’Leit lauschteren. Am meeschte genannt goufen dobäi Ed Sheeran a Coldplay. Ëmmerhin 10% lauschteren der Etüd no och Rockmusek. An erstaunlecherweis hunn esouguer 3% gesot, si géingen am léifste mat Metal aschlofen.
Aus der Etüd geet net ervir, wéi effikass d‘Musik als Schlofhëllef wierkt. Awer bei enger Methode, déi bëlleg ass a kaum Niewewierkungen huet, kann dat jo och jiddwereen doheem selwer testen.