Et reent nees SoldenWat heescht de "Black Friday" eigentlech?

De Begrëff "Black Friday" kennt jiddereen. Mee wat ass dat iwwerhaapt fir en Dag a wou kënnt deen hier?

Leschten Update: 22.11.2018, 16:17:24

© Pexels

De Begrëff kënnt – wéineg iwwerraschend – aus den USA. Hei ass de Black Friday e Freideg no Thanksgiving. De Feierdag Thanksgiving fält ëmmer op de véierten Donneschden am November. Zesumme mat deem Donneschdeg notzen d'Amerikaner de Black Friday fir Familljefeieren an natierlech, fir akafen ze goen.

D'Butteker an d'Geschäftsleit hu sech d'ganz Joer iwwer op deen Dag virbereet a bidden de Leit Aktiounspräiser a vill Solden un – an dat op verschiddene Plaze scho vu 05.00 Auer moies un. Eenzel Solde gëlle souguer just fir e puer Stonnen. Dir hutt sécher scho Videoen op Facebook gesinn, an deenen ee gesäit, wéi Leit sech zerklappen – an dat just fir eng Tëlee oder eng nei Jackett. An Amerika gëtt de Black Friday also zimlech seriö geholl.

Ma firwat eigentlech Black Friday? Vu wou kënnt de Numm? Do ginn et eng Partie Erklärungen. Eng ass, dass op deem Dag esou vill Leit ënnerwee sinn a Kaddoe kafen, dass dat vu wäitem wéi eng schwaarz Mass kann ausgesinn. E méi finanzielle Grond ass dann, datt verschidde Butteker et aus de rouden an déi schwaarz Zuele packen – oder datt d'Verkeefer schwaarz Hänn vum Suen ziele kréien.

Lauschtert hei de komplette Reportage


Déi éischte Kéier soll een am Joer 1966 vum Black Friday héieren hunn. D'Police vu Philadelphia huet den Dag no Thanksgiving esou genannt, well dat den offizielle Start vun der Chrëschtzäit am Stadzentrum war – massiv Stauen an iwwerfëllte Stroossen waren hei virprogramméiert. Deemno hat de Numm Black Friday an deem Kader eng éischter negativ Konnotatioun. An Europa wéi och bei eis gëtt deen Dag ëmmer méi beléift – och wann den Undrang net mat deem an den USA ze vergläichen ass. Lescht Zuele vun Adobe Analytics no hunn d'Amerikaner eleng am leschte Joer bal 8 Milliarden US-Dollar wärend dem Black Friday-Weekend ausginn.