Lëtzebuerger Buchpräis 2018Déi eenzel Gewënner am Iwwerbléck

Zu Walfer goufen um Donneschdegowend d'Gewënner vum "Lëtzebuerger Buchpräis 2018" bekannt ginn.

Leschten Update: 16.11.2018, 13:20:35

Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gouf den Donneschdegowend de Lëtzebuerg Buchpräis iwwerreecht. An zwar an dräi Kategorien:

- Kanner- a Jugendbuch
- Literatur
- Sachbuch

D'Kannerbuch vum Joer kënnt vum Thomas Schoos an dem Keong A-Song mam Titel "Wooow!!! Lëtzebuerg"

Fir de Publikumspräis ass de Mike McQuaide mat "An American in Luxembourg" ausgeszeechent ginn, sou de Jerôme Jaminet.



An der Kategorie "Sachbuch" huet de Luciano Pagliarini an d'Laura Caregari mat dem Buch "Eugène Mousset. Le Maître d’Esch" gewonnen.

Fir d'Literatur huet sech den Nico Helminger mat sengem Buch “Kuerz Chronik vum Menn Malkowitsch sengen Deeg an der Loge” duerchgesat.

De "Coup de coeur du jury" huet d'Nathalie Ronvaux mat "Subridere. Un aller simple" gewonnen.