
© Pixabay
Staubsauge gehéiert fir déi meescht net zu de beléiftste Fräizäitbeschäftegungen. Ma et muss sinn a komescherweis esouguer a Raim an deenen een sech guer net opgehalen huet. Do geet ee jo dovun aus, dass dës Raim, huele mir mol de Keller oder en Ofstellraum propper bleiwen, wa jo u sech kee dra war. Mä leider ass dat net esou.
Natierleche Bestanddeel vun der Loft
Stëbs gesäit u sech ëmmer d'selwecht aus, besteet awer aus ganz verschiddene Saachen, déi sech sammelen an no an no zu deem entwéckele wat mir dann als Stëbs kennen. Et gëtt en an all Wunneng an all Dag entstinn esou ronn 6 Milligramm Stëbs pro Quadratmeter. Virop ass Stëbs ënner anerem en natierleche Bestanddeel vun der Loft an do hu mir och schonn d'Erklärung, firwat een en och a Raim fënnt an deenen een sech u sech net ophält.
Duerch oppe Fënsteren an Diere kënnt deen also an d'Wunneng, dat ka vu Sand aus der Sahara iwwer Réckstänn vun den Autosbremsen bis hin zu Pollen oder Ofgase goen. Ma dat geet nach net duer an esou ginn et nach vill aner Quelle fir Stëbs.
Fir e Groussdeel si mir selwer responsabel
Hautzellen z.B., déi vun eisem Kierper eroffalen, wann eis Haut sech erneiert – an dat mécht déi permanent. Dës Hautzelle klamme mat der Loft am Zentrum vum Zëmmer no uewen a falen da laanscht d'Maueren, do wou et méi kal ass erëm erof. Dofir sinn z.B. d'Kadere vu Biller oder Regaler dacks méi stëbseg wéi den Dësch an der Mëtt vum Zëmmer.
Zu 80% besteet dëse Stëbs aus Hautzellen. Weider dréit een natierlech och Partikel mat de Schong an d'Wunneng, och déi verbanne sech zu Stëbs.
Vu Stëbspartikelen zu Stëbsbäll
An da kënnt nach dobäi, dass mir eis jo an eise Kleeder, am Bett oder op der Couche beweegen an doduerch ginn och erëm fein Partikele vum Stoff ofgeriwwen, déi dann op de Buedem falen. Och Stëbsmilben, Bakterien a Schimmelpilz loossen sech ënnert dem Mikroskop am Stëbs noweisen.
Duerch Loftzirkulatioun an Elektrostatik verbannen sech déi verschidde Stëbsflacken zu méi grousse Stëbsbäll, op Lëtzebuergesch soen der vill Miissercher, déi dann duerch d'Wunneng leien. Stëbs ass also kaum ze evitéieren an esou bleift eis nëmme weider zum Staubsauger ze gräifen.