
© VALERIE MACON / AFP
Säin éischten Optrëtt hat de Micky am Colony Theater zu New York, esou den eemolegen Disney-Archivisit Dave Smith. Am Programm stoung de Film "Steam Boat Willie" als éischten. Dës ass de Film deen d'Maus ganz grouss eraus bruecht huet.
Allerdéngs war de Micky schonn an engem Zeechentrickfilm mam Titel "Plane Crazy" ze gesinn. An dat ouni Toun.
Well den éischte Micky Maus Film war e Stommfilm. Eréischt beim 2. Versuch hat d'Maus Erfolleg.
D'Iddi vun der Maus ass dem Walt Disney an engem Zuch vu New York op Los Angeles komm.
Eigentlech sollt d'Maus och net Micky heeschen, mee Mortimer. Ma dem Disney senger Fra Lilian huet de Numm net gefall a sou huet hien sech en aneren Numm ausgeduecht.
