Christmas is coming…Déi bescht Chrëscht-Reklammen

D’Fest vum Konsum an der Léift ass perfekt fir emotional Publicitéiten. Hei sinn déi Prägnantste vun de leschte Jore bis 2018.

21.11.2018, 13:00:14

© Pixabay

Déi, fir vill Leit, schéinsten Zäit vum Joer steet nees virun der Dier: Chrëschtdag. An dat gesäit een net nëmmen doheem un der Dekoratioun, un de Chrëschtmäert déi lenks a riets opginn oder um Liefkuch Regal an de Supermarchéen. Och op der Tëlee ertéine lues awer sécher d’Chrëscht-Songs als Hannergrond-Musek vun de Reklammen. An déi si mëttlerweil richtege Kult ginn, esou datt een an de Pausen net méi ofschalt, mee souguer selwer no de verschiddene Publicitéite sicht fir sech déi unzekucken.

Wann et drëms geet mat Clips grouss Gefiller ze erwächen an domat méiglechst vill Klicks ze generéieren huet John Lewis & Partners definitiv d’Nues vir. Zanter e puer Joer scho sinn der Chaîne hir Chrëscht-Reklamme berühmt-berüchtegt a gi mat Virfreed erwaart. An der Vergaangenheet hunn se mat Geschichte wéi dem Pinguin deen op der Sich no Léift ass, oder dem Mann am Mound deen sech duerch e klengt Kand net méi grad esou eleng fillt scho gutt virgeluecht. D’Pub fir dëst Joer ass och schonn eraus an dréint sech em d’Musekslegend Elton John. An där bléckt de Museker op seng laangjäreg Carrière zréck, dat wärend en um Piano sëtzt deen en als Kand geschenkt krut. De Message vun der Reklamm: "Verschidde Kaddoen si méi wéi just Kaddoen". An d’Botschaft kënnt un, innerhalb vun 2 Deeg gouf de Clip scho bal 5 Millioune Mol ugekuckt.

John Lewis & Partners - #EltonJohnLewis


Insgesamt hunn d’Briten e gutt Händche fir emotional Reklammen. Esou huet de Supermarché Sainsbury’s 2014 fir eng vun deene bis elo gefillsvollsten awer och kontroverste Publicitéite gesuergt. Am Clip gesäit een Zaldoten aus dem éischte Weltkrich déi am Kader vu Chrëschtdag kuerzzäiteg e Waffestëllstand ausruffe fir matenee Futtball ze spillen. Wärend verschidden Zuschauer et geschmacklos fonnt hunn de Krich als Verkafsmëttel auszenotzen, huet Sainsbury’s sech dozou bereet erkläert de Profit vun deene Schockela-Tabletten déi an der Reklamm ze gesi sinn un e gudden Zweck ze spenden.

Sainsbury's - 1914 Christmas 2014


Datt däitsch Supermarchéen och op d’Tréinendrüs drécke kënnen, huet den Edeka virun 3 Joer mat hirer Reklamm "#heimkommen" bewisen. Hei kritt de Bopa Joer fir Joer vu senger Famill fir Chrëschtdag ofgesot a muss de Feierdag eleng verbréngen, bis hie stierft, respektiv ze stierwe schéngt. Am Endeffekt geet zwar alles glécklech aus, d’Reklamm zielt awer zu deenen emotionaalsten iwwerhaapt an huet ganz Däitschland zu Tréine geréiert.

Edeka - #heimkommen


Eng Reklamm déi dëst Joer vill Welle geschloen huet, kënnt aus Island a gouf verbueden ier se iwwerhaapt op der Tëlee lafe konnt. Trotzdeem, oder genee dowéinst, ass se viral gaangen. Am Clip geet et dorëm sech géint d'Benotze vu Palmueleg ze staark ze maachen an dorop opmierksam ze maachen datt Orang-Utanen ënnert dem Konsum leiden. Och wann d'Thema bei de Leit gutt ukënnt, war d'Reklamm der Regierung ze politesch a gouf net fräiginn. Dat huet der Campagne awer net geschuet: Am Géigendeel, iwwer 5 Millioune Mol gouf d'Geschicht vum klenge Meedchen an dem Orang-Utan schonn online gekuckt.

Iceland - #NoPalmOilChristmas


Vill Spaass beim kucken, mee vergiesst d'Nuesschnappecher net...