Kinepolis4DX-Technologie geschwënn och zu Lëtzebuerg

Sëtzer di wackelen, Wand, Blëtz oder Reen, dat ass alles Deel vun der 4DX-Technologie déi d'nächst Joer an de Kinepolis Kierchbierg kënnt.

Leschten Update: 21.11.2018, 06:11:47

© Kinepolis

Wien ee Film am Kino nach méi no erliewe wëll, dee sollt emol ee Film mat der 4DX-Technologie kucken. An europäesche Kinoe gëtt dës nei Technologie scho getest. Hei zu Lëtzebuerg gëtt et déi bis ewell nach net. Bis ewell! Kinepolis wäert dës nei Technologie nämlech d'nächst Joer an de Kino hei op de Kierchbierg bréngen.

Wat ass 4DX-Technologie?

Mat der neier Technologie erlieft een de Film op eng ganz nei Aart a Weis. An dat mat Spezial-Effekter: Sëtzer déi wackelen, Geroch, Reen, Wand, Blosen, Schnéi a Blëtzer - an dat alles a perfekter Synchronisatioun mat deem wat am Film geschitt. Et kënnt ee sech also vir wéi wann ee live an der Filmzeen mat dobäi ass.

Wéini kënnt dës Technologie op Lëtzebuerg?

E geneeën Datum gëtt et nach net. An de Kinepolis-Kino um Kierchbierg soll se am Laf vum nächste Joer installéiert ginn. Wahrscheinlech am éischten Trimester vun 2019, esou d'Anneleen Van Troos Kommunikatiounsmanagerin bei Kinepolis Group am Eldoradio-Interview.

Am Kino um Belval wier dës Technologie net virgesinn. Et wäert just ee Kinossall mat der neier Technologie equipéiert ginn. Wéi d'Anneleen Van Troos seet, wéilt een dem Client ëmmer de Choix ginn, ob en ee Film mat dëser oder mat enger traditioneller Technologie wëll kucken.

Wéi vill kascht een Ticket?

Fir een 2D-Film gëtt mat der 4DX-Technologie ee Supplement vu 6 Euro gefrot. Fir een 3D-Film ass et ee Supplement vun 8 Euro.

Fir wéi ee Genre vu Film ass dës Technologie geduecht?

Déi nei Technologie ass virun allem fir Filmer mat vill Action geduecht. Wann et also vill Zeene ginn, wou et esou richteg hiergeet mat Spezial-Effekter. Fir Dramaen oder romantesch Komedien ass d'Technologie éischter net geduecht. Wéi ee Film ee fir d'éischt mat der neier Technologie weise wäert, ass nach onkloer. Dat hänkt dovunner of wéini d'Technologie fäerdeg installéiert ass.

Dierf jiddereen an de Sall mat der 4DX-Technologie?

D'Kanner mussen op mannst 4 Joer hunn. Bis 13 Joer mussen d'Kanner vun Erwuessene begleet ginn. Iert de Film ufänkt, gëtt ee klenge Film gewisen, dee seet ob wat een oppasse sollt wann et mat de Spezial-Effekter lass geet. Och wäert et Erklärunge vum Personal op der Plaz ginn, fir déi Leit déi sou een Ticket kafen.

Lauschtert hei d'Reportage:



© Kinepolis