Glas Waasser iwwer d'Nuecht stoe loossenBesser dir drénkt dëst Waasser net!

Souwuel nom Feiere wéi och no enger Nuecht voll Schlof, gräife vill Leit moies gäre mol zu engem Glas H2O, fir de Kierper erëm a Schwong ze bréngen.

21.11.2018, 07:50:50

© Unsplash

U sech ass et eng gutt Iddi moies eppes ze drénken, awer just wann d'Glas Waasser net schonn e puer Stonnen do steet. Mä wisou sollt een sech onbedéngt en neit Glas erausschëdden oder aus enger zouener Fläsch drénken? Wie moies aus engem Glas drénkt, wat schonn déi ganz Nuecht do stoung, riskéiert am schlëmmste Fall krank ze ginn!

Virun allem bei Zëmmertemperatur ass dat eng perfekt "Brutstell" fir Keimen a Bakterien. Ausserdeem kann et och virkommen, dass Mécken hier Eeër draleeën. Amplaz vu propperem Waasser, drénkt een am Fong een net ganz sou gutt openeen ofgestëmmte Cocktail. Dobäi kënnt, dass d'Glas Stëpps- an Dreckpartikelen ausgesat ass, déi sech zesumme mat allem aneren dran ofsetzen.

© dpa/dpa/picture-alliance/Roland Weihrauch

Wann dir moies awer mol eng Kéier e Glas Waasser gedronk hutt, wat scho méi laang do stoung, ass iech bestëmmt deen e bësse méi komesche Goût opgefall. Deen entsteet net aus allem wat sech iwwer Nuecht dran usetzt, mä aus dem Kuelendioxid. Gëtt d'Glas Waasser net ofgedeckt a steet eng 8 bis 9 Stonnen do, da verréngert sech de pH-Wäert, wat de komesche Goût vum Waasser erkläert.

Och Waasserfläsche sollt een op kee Fall drénken, nodeems së eng länger Zäit am Auto louchen. Duerch d'Hetzt kënnen och do Keimen a Bakterië ganz gutt iwwerliewen.

Am beschten also eng Fläsch Waasser nieft d'Bett stellen oder ëmmer e frëscht Glas Waasser erausschëdde wann een Duuscht huet. Ganz wichteg: Stay hydrated !