Just 30 Minutten den Dag op Social MediaManner Facebook - méi glécklech!

Och Instagram, Snapchat a Co. gehéieren hei dozou - wien dës Plattforme manner benotzt, soll sech méi wuel fillen a manner depressiv sinn.

Leschten Update: 21.11.2018, 05:05:07

© Pexels

Direkt moies, dotëscht an och owes: D'sozial Medie gehéiere virun allem fir déi jonk Generatioun zum Alldag dozou. Et fält schwéier, dëst Muster ze duerchbriechen a manner op Social Media ze verbréngen. Ma wann een dat awer fäerdeg bréngt, soll sech e Reduzéieren op esou Plattforme positiv op eis psychesch Gesondheet an eist Wuelbefannen auswierken. D'Fuerscher vun der University of Pennsylvania hunn 143 Studenten an zwou Gruppen agedeelt.

Eng Grupp duerft vun elo u just nach 30 Minutten den Dag op Facebook, Instagram a Snapchat verbréngen. Di zweet Grupp huet näischt un hiren Online-Gewunnechte geännert. No 3 Woche sinn den Testpersoune Froen zu folgenden Theme gestallt ginn: Ënnerstëtzung aus dem sozialen Ëmfeld, Angscht, eppes ze verpassen – och bekannt ënnert FOMO ("Fear of missing out"), Suergen, Depressiounen, Selbstwäertgefill an Eegestännegkeet. Hei koum eraus, datt déi Grupp mat enger Limitt vun 30 Minutten den Dag manner ënnert Depressioune leit an d'Gefill hat, sech manner eleng ze fillen. Deemno wierken sech di 30 Minutte gutt op eist Wuelbefannen aus. Ma an deem Kontext wichteg ze ernimmen ass awer och eng aner Etüd aus Éisträich.

Zwee Fuerscher hunn erausfonnt, datt e komplette Verzicht op sämtlech Social Medias zu Halluzinatioune féiere kann. 7 Deeg duerften hei d'Testpersoune just E-Mailen an SMSen benotzen, weder Facebook nach Instagram. Schonn no enger Woch sinn "Entzugserscheinungen" opgetrueden, wéi een et vum Drogemëssbrauch kennt. D'Verlaangen, online aktiv ze sinn ass an dëser Zäitspan enorm geklommen an esou sinn 60% vun de knapp 150 Testpersoune réckfälleg ginn. Hëlt een also béid Etüde mécht eng 30 Minutten-Notzung den Dag Sënn: Et ass ee manner op Online-Plattformen aktiv, et hëlt ee méi um reale Liewen deel an et muss een awer och net komplett drop verzichten.

Lauschtert hei de komplette Reportage