Féx erkläertDen Ur-Kilo gëtt nei definéiert

Zanter 129 Joer baséieren eis Eenheete fir Gewiicht um Ur-Kilo, ma dee verléiert konstant u Mass. An dat ass fir d'Wëssenschaft e Problem.

Leschten Update: 20.11.2018, 18:56:59

© youtube/euronews

E Kilo ass e Kilo – fäerdeg. Ob do elo e Milligramm ze vill ass, dat stéiert eis am Alldag net. Wann ech um Maart e Kilo Äppel kafen an dem Verkeefer seng Wo geet net esou ganz richteg an et sinn der um Enn nëmmen 995 Gramm, da fält mir dat ganz sécher net op. Ma an anere Beräicher kënnt et op e Brochdeel vun engem Milligramm un, nämlech an der Wëssenschaft. An do ass zanter scho méi laangem e grousse Problem, dass den Ur-Kilo, also d'Unitéit, op där eise Gewiichtssystem baséiert u Gewiicht verléiert.

Verloscht am Beräich vun e puer Mikrogramm

Mir schwätzen hei vun ongeféier engem hallwe Mikrogramm, d.h. e Milliounstel Gramm d'Joer, ëm déi den Ur-Kilo a seng Kopien sech ënnerscheeden. Den Ur-Kilo ass en Zylinder mat 39 Millimeter Héicht an 39 Millimeter Duerchmiesser aus Platin-Iridium, deen am internationale Büro fir Mooss a Gewiicht zu Paräis ënner Glasglacken an engem mat 3 verschiddene Schlësselen zougespaarten Tresor gelagert gëtt.

Ma an den 129 Joer, dass et dësen Zylinder op deen all anere Kilo zeréckgeet gëtt, gëtt deen ëmmer méi liicht.

Hei de Reportage am Toun!


Problematesch fir genee Miessungen an der Wëssenschaft

Fir d'Wëssenschaft ass dat e Problem, Ongenauegkeet ass do net wierklech beléift an an enger Welt an där d'Miessen ëmmer méi genee gëtt, muss eng Definitioun fir de Kilo hir, déi sech net am Laf vun de Joerhonnerte verännert an déi wéi déi aner Basiseenheeten z.B. fir Zäit, Liichtintensitéit an Distanz, op Naturkonstanten zeréckgeet.
Esou Naturkonstante sinn z.B. d'Liichtgeschwindekeet oder d'Charge vun engem Elektron.

Domat kéint och de Kilo an Zukunft iwwerall op der Welt am Laboratoire hiergestallt an iwwerpréift ginn.

Och aner Eenheete gi mat Naturkonstanten definéiert

De 16. November haten sech dofir op der Generalkonferenz fir Mooss a Gewiicht Wëssenschaftler aus 60 Länner getraff, fir iwwer en neie System ofzestëmmen. Den 20. Mee 2019, also dem Weltmetrologiedag soll dëse System dann a Kraaft trieden.

Ma wéi scho gesot: Fir eis wäert sech net vill änneren. Fir Technologie a Fuerschung ass dës Upassung vun der Genauegkeet awer enorm wichteg. Et ass iwwregens net déi éischte Kéier, dass esou eng Moosseenheet ugepasst gëtt. 1967 gouf z.B. d'Sekonn nei definéiert.

An zesumme mam Kilo sollen dës Kéier an engems och d'Definitioune fir Ampere, also d'Stroumstäerkt, Mol, déi déi chemesch Stoffquantitéit ugëtt a Kelvin, also d'Temperatur erneiert ginn.