Vun US-Geriicht confirméiertFacebook-Frënn si keng wierklech Frënn

En US-Geriicht huet elo missten entscheeden, ob e Facebook-Frënd och wierklech e Frënd ass an ob e Riichter mat engem Affekot dierf digital befrënnt sinn.

Leschten Update: 21.11.2018, 16:29:09

© Eldo

Via Facebook kann ee mat deenen a Kontakt bleiwen, déi ee soss villäicht aus den Ae géif verléieren. Wann een sech awer d'Lëscht mat de Frënn ukuckt, da sinn der vill, déi hunn emol labber iwwer 400 Frënn, dorënner Leit, déi se villäicht eemol am Liewen, villäicht awer och nach ni perséinlech kennegeléiert hunn.

Riichterin mat Affekot op Facebook befrënnt

Dass dat net wierklech Frënn sinn, dat erkläert sech u sech vum selwen. Ma an den USA gouf dëst elo och vun engem Geriicht confirméiert.

Hei de Reportage am Toun!


Et ass ëm e Prozess gaangen an deem een Affekot d'Riichterin fir befaange wollt erklären, well déi mat dem géignereschen Affekot op Facebook befrënnt war. D'Demande gouf domat begrënnt, dass de Mandant vum éischten Affekot duerch dës virtuell Frëndschaft kee faire Prozess géif kréien. Um Enn huet sech d'Iewescht Geriicht am US-Bundesstaat Florida missten der Saach unhuelen an d'Fro klären: Ass e Facebook-Frënd wierklech e Frënd? „Nee“ ass d'Uerteel vum Geriicht.

Frënd op Facebook ass e Konschtbegrëff

Eng Facebook-Frëndschaft huet näischt ze soen, et wier éischter e Konschtbegrëff. Iwwerhaapt wier d'Bedeitung „Frënd“ an de sozialen Netzwierker en aneren, wéi am richtege Liewen. Ma och ausserhalb vu Facebook ass et de Riichter no esou, dass een sech an der Juristenzeen eben alt géif ënnertenee kennen. Dofir géif een drop vertrauen, dass Riichter an Affekote professionell géife bleiwen. 

Algorithmus ass fir Virschléi responsabel

D'Geriicht huet weider argumentéiert, dass verschidde Leit Dausende Frënn op Facebook hätten. Si kéinten déi emol net all mam Numm nennen. Hannert der Vernetzung géif schliisslech en Algorithmus stiechen, deen engem Leit géif als Frënn virschloen, deenen een am richtege Liewe villäicht guer net begéine géif. Obwuel dëst en Uerteel an den USA ass, kann een awer och hei d'Fro stellen: Wéi vill Frënn, déi mir op Facebook hunn kenne mir wierklech?