NewsLuuchte géint Stauproblem am Irgäertchen

Nodeems et wéinst dem Chantier am Rondpoint Irgäertchen ëmmer erëm zu Chaos komm ass, huet den Transportminister elo reagéiert.

Leschten Update: 21.11.2018, 15:59:45

© Eldo

Vill Leit reegen sech iwwert de Chantier op, ma anescht, wier et awer net méiglech, esou den Transportminister François Bausch e Mëttwoch de Moien op enger Pressekonferenz. Et wier ee sech ufanks net bewosst gewiescht, datt d'Ewechfale vun der 3. Spur am RP esou e groussen Impakt hätt. Zil ass et, d'Situatioun ze verbesseren an Enn 2019 d'Aarbechten ofgeschloss ze hunn, esou de Minister Bausch.

Elo soll e Luuchtesystem op de 5 Kräizungen agesat ginn, fir de Verkéier op där Plaz besser ze regléieren. Dat vun e Mëttwoch den Owend den 21. November un. De Stau gëtt haaptsächlech doduerch ausgeléist, datt de Verkéier sech selwer blockéiert – d’Autoen, déi an de Rondpoint era fueren, déi blockéieren, déi eraus wëllen.

© Ponts et Chaussées


Dat ass bei Simulatioune vun de Ponts et Chaussées eraus komm, sou de Roland Fox vun de Ponts et Chaussées. Fir de Stau op den Alternativen ze reduzéieren, gouf ënnert anerem de Chantier tëscht Konter an Izeg fir de Moment annuléiert.

Weider géif ee Panneauen opriichte, fir d'Leit dozou ze beweegen, de Rondpoint eben net méi ze blockéieren.

© Eldo

Duerch d’Luuchte soll den Zoufloss begrenzt an esou géif de Verkéier am RP selwer net méi esou staark blockéiert ginn. Wéi schonn ugekënnegt, gi verschidde Busser owes tëscht 16.00 an 20.00 Auer ëmgeleet. Den Alex Kies, Responsabel fir den ëffentlech Transport am Ministère ënnersträicht, datt verschidden Arrêten zu Sandweiler esou net méi ugefuer kënne ginn. Di Betraffe kënnen hei op den Zuch zeréckgräifen, vun der Gare zu Sandweiler géifen dann elo nei Navetten agesat ginn.

© MDDI

Den 20. Dezember soll dës Phas vum Chantier dann ofgeschloss ginn, och falls et schneien oder fréiere soll - dat huet de Roland Fox vun de P&Ch verséchert. Ma dem François Bausch no kann ee sech hei awer kee Wonner erwaarden – et ënnersicht een d'Situatioun all Dag a kuckt weider, no Léisungen ze sichen an dës ëmzesetzen.

Lauschtert hei de komplette Reportage


© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio

© Eldoradio