Schüler-Projet am Eldo InterviewLTL’s Comic Con

Eng Foire ronderëm Comics, organiséiert vu 5 Schüler aus dem Lycée Technique Lalleng, fir e gudden Zweck.

22.11.2018, 12:00:02

© Eldoradio

Am Kader vun hirem Ofschloss Projet an der Schoul invitéiere 5 Schüler vun enger 1ère TPCM aus dem Lycée Technique de Lallange den 11. Januar 2019 op hire Projet: "LTL's Comic Con".

Bei engem Ofschloss-Projet ass een als Schüler relativ frei an deem wat ee mécht. Am Beschte Fall soll et awer natierlech eppes si wat et net schonn 100 Mol virdru gouf an ee selwer interesséiert. Fir déi 5 vum LTL, déi selwer Comic-begeeschtert sinn a nach ni vun enger Comic Convention als Schüler-Projet héieren hunn, stoung d'Iddi eng eege Foire op d'Been ze stelle soumat séier fest. 

Wéi bei enger typescher Comic Con kann een sech och bei dësem Event drop astellen alles ronderëm d'Thema Comics erauszefannen. Nieft Informatiouns-Stänn, verschiddenen Atelieren an Aktivitéiten, kommen och Cosplayer op hir Käschten: Fir de beschte Kostüm gëtt et nämlech e Präis.

Och wann d’Event virun allem Comic Fans an aner Schüler usprieche soll, esou wär hir Foire eppes fir jiddereen, onofhängeg dovun op ee selwer nach Schüler ass an op een sech fir dëst Thema interesséiert. Dacks wéissten d’Leit nämlech guer net datt vill vun hire Liiblings-Filmfiguren a Geschichten op Comics baséiert sinn.

Donieft mécht ee mat engem Besuch op de LTL's Comic Con nach eppes fir de gudden Zweck. Den Erléis vun der Foire spenden d'Schüler un déi wueltäteg ASBL ALAN - maladies rares Luxembourg.

Wien Comic begeeschtert ass oder elo virwëtzeg ginn ass, dee kann sech also den 11. Januar vu Mëttes 4 bis Owes 9 am Lycée Technique Lalleng op der Foire ëmkucken. Méi Informatiounen, a wéi d’Virbereedunge vum Projet lafe fannt der op Facebook an Instagram ënner LTL’s Comic Con.

Lauschtert hei den Interview!