Yodel Kid, Drake an Influencer MarketingSocial Media Trends 2018

Och 2018 war fir Social Media erëm en mat viralen Trends gefëllte Joer. D'Highlights hu mir opgelëscht.

Leschten Update: 22.11.2018, 12:19:59

© Unsplash

Vun engem 12 Joer ale Kand, wat jodelt an et domat vum Walmart bis op de Coachella gepackt huet, bis hin zu dausende vu Leit déi aus engem fuerenden Auto eraussprangen an danzen. Eldoradio kuckt op d'Social Media Trends 2018 zréck.

De 24 Mäerz ass den deemools 11 Joer ale Mason Ramsey gefilmt ginn, wéi hien am Walmart e Lidd gesongen, respektiv gejodelt, huet. D'Fra, déi dëst gefilmt huet, huet de Video dee selwechten Owend nach op Facebook gepost an et hat net laang gedauert bis de Video viral gaangen ass, an d'ganz Welt de Mason kannt huet. Doropshi gouf hien ënner anerem an dem Ellen Degeneres seng Show agelueden an ass souguer um Coachella Festival opgetrueden.

Kuckt Iech hei de Walmart Optrëtt un!


Dann gouf et dëst Joer natierlech och erëm e puer Challenges. Eng dovun huet ganz kloer erausgestach an ënner anerem och e puer Promien zum matmaache beweegt. Riets ass vun der "KIKI Challenge". Do goung et dorëm beim Refrain vum Drake sengem "In My Feelings" aus dem fuerenden Auto ze klammen an zum Lidd ze danzen. Dass déi Challenge bei verschiddene gutt schif gaangen ass, kann een sech denken.



Beandrockend war allerdéngs dem Will Smith seng Versioun, deen zu Budapest uewen op enger Bréck gedanzt huet.

Kuckt Iech hei dem Will Smith seng Interpretatioun un!



Schlussendlech musse ma awer och iwwert Influencer Marketing schwätzen. Dëst Konzept ass zwar näischt Neies, mee huet sech 2018 esouvill weider entwéckelt wéi nach ni. All User tëscht 1000 an 90000 Follower gëllt als Micro-Influencer. Do driwwer ass een dann entweder en Influencer oder e Promi. An vu genee deenen hu vill Marken 2018 gebrauch gemaach fir hier Marken ënnert d'Leit ze bréngen. D'Käschte vun engem Post op der Social Media Säit vun engem Influencer belafen sech jee no Follower a Berühmtheet op 100€ bis hin zu iwwert eng Millioun Euro.

Dat waren natierlech just e puer Highlights vun dësem Joer. Elo kann een natierlech scho gespaant sinn, wéi eng Trends eis dann 2019 erwaarden.