CECTipps fir um "Black Friday" sécher anzekafen

De "Black Friday" ass eng Méiglechkeet fir gutt Affairen ze maachen. Virun allem am Internet. D'CEC gëtt an deem Kader Tipps fir d'Konsumenten.

Leschten Update: 23.11.2018, 08:15:10

© Daniel LEAL-OLIVAS / AFP

E Freideg fänkt déi traditionellt Juegd no gudden Affären un, dat um sou genannte "Black Friday". Een Trend deen u sech aus den USA kënnt. Grad op deem Dag kritt een am Internet dacks Offeren, deenen een net widderstoe kann. Et sollt een awer oppassen sech net beducksen ze loossen.

Den Europäesche Verbraucherzenter réit de Leit virum Kaf vun engem Produit genee hinzekucken. Iert een eppes keeft, sollt een d‘Präisser matenee vergläichen. Präis-Sichmaschinnen am Internet hëllefen dobäi falsch Affären opzedecken.

Och sollt een net op déi psychologesch Tricken erafalen, wou zum Beispill vun engem niddrege Stock riets ass.

Et sollt een am Internet och no positiven Erfarungen iwwert déi concernéiert Händler sichen. Op der Internetsäit vum Verkeefer sollt eng Identitéit an eng Adress kloer ze erkenne sinn. Just eng Email-Adress oder Telefonsnummer geet net duer.

Och sollt ee kucken, datt et eng sécher Internetadress ass, wa se mat https:// ufänkt. Sou ginn d'Date vum Client méi sécher iwwerdroen. An et sollt een natierlech sécher Bezuelsystemer notzen. Besser ass eng Kreditkaart oder eng Rechnung, wéi am Virfeld bezuelen.

Wien awer op eng schlecht Affär eragefall ass, kann nach ëmmer de Produit zeréck ginn. 14 Deeg huet een an der Reegel Zäit, ee Produit deen een online kaf huet, zeréck ze schécken.

Konsumenteschützer roden sech net ënner Drock setzen ze loossen. Gutt Affäre kann een nämlech ëmmer maachen.
Links