De Kinoler E moderne Kino fir de Weste vum Land

Den 1. Dezember mécht den neie Kino mat 46 Plazen a modernster Technik zu Koler seng Dieren op.

Leschten Update: 22.11.2018, 18:40:56

© Kinoler / Eldo

Am Mee 2012 ugestouss ass zu Koler zanterhier aus dem ale Schoulgebai zesumme mat de Bierger an de lokale Veräiner lues a lues den neien Duerfzenter Koler entstanen. Dee bitt awer net nëmme Plaz fir d'Veräiner oder ka fir Evenementer gelount ginn, ma besonnesch interessant mécht dëst de „Kinoler“ also de Kino zu Koler. E Kino also fir de Westen an deem net un Technik gespuert ginn ass, an deen och a Saache Filmprogramm mat der Zäit geet.


Bierger bedreiwen de Kino op fräiwëlleger Basis

Wéi et sech fir en Duerf gehéiert gouf zesumme mat de Bierger vu Koler diskutéiert, wéi deen neien Zenter an de klenge regionale Kino kéinten ausgesinn. Et sinn och d'Bierger respektiv d'“Koler Bierger ASBL“, déi de Kino op Benevolsbasis bedreiwen.


© Eldoradio


Modernste Bild- an Tountechnik

Nieft engem „Dolby Atmos“-Soundsystem mat 32 Lautsprecher an digitaler Projektioun wier och soss wäert op déi modernsten Technik geluecht ginn, erkläert de Vizepresident vun der ASBL Jules Barnig. Et hätt een nämlech op en 3D-System gesat, dee Brëller ouni Batterie géif notzen.

46 Plaze mat confortabele Sëtzer bitt de Sall.


© Eldo


Kee Supplement fir 3D-Filmer oder Iwwerlängt

Mëttwochs, Donneschdes, Freides a Samschdes gëtt et all Kéier ëm 20.00 Auer eng Seance, Sonndes ëm 15.00 an ëm 20.00 Auer, dat vum 1. Dezember un, ugefaange mam Superjhemp. De Präis läit bei 8€ fir Erwuessener a bei 6€ fir Studenten a Kanner. E Supplement fir 3D, Iwwerlängt oder „Dolby Atmos“ gëtt net gefrot. Dobäi gëtt och Wäert op aktuell Filmer geluecht, esou de Sekretär Yves Di Bartholomeo.

Duerch d’Memberschaft am CDAC, also dem Verband vun de klenge Kinoen géif een un déi aktuell Filmer kommen.





Nieft Kino nach 3 Säll fir Fester, Reuniounen a soss Evenementer


Am Duerfzenter gëtt et nieft dem Kino awer nach e Festsall vun 100 Quadratmeter an 2 Versammlungsraim vu 50 a 25 Quadratmeter eng professionell Kichen an déi zougehéiereg Installatiounen wéi e Comptoir, Schallschutz   a Sanitäranlagen.

Verbesserungsvirschléi si wëllkomm

Ëmmer erëm hunn déi Responsabel erkläert, dass wann sech sollt erausstellen, dass eppes net optimal klappt, een natierlech flexibel kéint sinn, esou den President Henri Knuppertz.

3'630'000 Euro huet de Projet Kascht, 35% dovu ware fir de Kino, de Rescht ass an den „Duerfzenter Koler“ gefloss. Weider wäert de Parking beim Zenter och deemnächst fäerdeg gestallt ginn.

An natierlech ass de Kino fir d'ganz Regioun geduecht.


© Eldoradio


© Eldoradio

© Eldo

© Eldo

© Eldo

Links