Fir de gudden Zweck2. Editioun vum ëmgedréinten Adventskalenner

Mat sengem „Adventskalenner fir de gudden Zweck“ hat de Pit Maas zejoert ee Rise-Succès. Elo gouf di 2. Editioun lancéiert.

Leschten Update: 23.11.2018, 15:43:44

© Eldoradio


De Prinzip vun dësem ëmgedréinten Kalenner ass, dass een net all Dag eppes kritt, mee all Dag eppes an eng Këscht leet fir dës dann ze verschenken. Den Erléis soll un déi Leit goen, déi op Liewensmëttelspenden ugewise sinn.


Gesammelt ginn laang halbar Liewensmëttel an Hygiènesartikelen, Kleeder oder Miwwele ginn aus logistesche Grënn net ugeholl. 


Zejoert waren iwwer 3000 Këschten u Spenden zesummen komm! Dëst Joer hofft een, nach kënne een drop ze leeën.


Lauschtert hei de ganze Reportage


Sämtlech Detailer fannt der hei: 
adventskalenner.lu
www.facebook.com/adventskalenner