London CallingChrëschtdagstrend: Äisknuppauto fueren

Mat deem ganze Brexitzodi hei op der Insel vergësst e schnell emol, dass et eigentlech just nach 4 Woche bis Chrëschtdag sinn.

26.11.2018, 07:32:56

© www.elephantandcastle.org.uk

An dat heescht och hei an der britescher Haaptstad gëtt et Zäit fir Christmas Shopping a Chrëschtdagsstëmmung. London wär awer net London, wann et hei net och nees e puer méi aussergewéinlech Chrëschtdagsaktivitéiten géife ginn. Traditionellt Schlittschongfueren ass dëst Joer zum Beispill total out. Deen neisten Trend hei an der britescher Haaptstad ass Äisknuppauto fueren.

Lauschtert hei de Reportage:


Ähnlech wéi beim normale Knuppauto fueren geet et hei virun allem drëm an déi aner Leit ze rennen. Mee, amplaz um Buedem, fiert een hei eben um Äis, wat dat Ganzt wesentlech méi komplizéiert mëscht. Rennt een nämlech an deen aneren an deen ass méi schwéier oder grad géint d’Mauer gedréckt, da kann et gutt sinn, dass ee selwer emol mat voller Wucht nees no hanne geschleidert gëtt. Einfach rabiat drop lassfueren bréngt engem hei also näischt.

© www.elephantandcastle.org.uk

Dobäi kennt dann och nach, dass een hei net an engem Auto mee an engem ronnen Donut setzt dee gutt gepolstert ass an e bëssen ausgesäit, ewéi e Curlingsteen. Ween sech dann dëse Spaß gënne well, kann dat am Süde vu London nach bis de 6 Januar vir ronn 7 Euro pro 10 Minutte maachen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter