Life of Bryan - Nightmare before ChristmasAlles mee keen Alpdram

Mam Chrëschtmaart kënnt och ëmmer d’Chrëschtdagsstëmmung op an ech hu fir iech de perfekte Film fir d’Zäit virum 25. Dezember.

Leschten Update: 07.12.2018, 09:24:24

© Screenshot YouTube

Halloween ass eriwwer, mee vill Zäit bleift net méi bis den nächste Feierdag virun der Dier steet.

Mam Chrëschtmaart an den éischte Chrëschtdag-Preparatioune schéngt de Chrëschtbam schonn esou no ze sinn.

Am Sënn vun dëser spezieller Zäit wëll ech iech och ee vun de speziellste Filmer vu Walt Disney recommandéieren: Nightmare before Christmas!




An dësem Film, an deem all Feierdag seng eege Welt huet, begéint een den Jack Skellington, de Kinnek vun Halloween. Den Jack ass gelangweilt vu senger Flicht, all Joer déi selwecht Feier ze organiséieren a wënscht sech Ofwiesslung vu sengem monotone Liewen.

Doropshi fält eise Protagonist duerch Zoufall an d’Welt vu Chrëschtdag an dem Kleeschen. Et ass eng komplett nei Welt, déi de Kinnek vun Halloween verzaubert a faszinéiert. Dem Jack säi Virwëtz motivéiert hien dozou, dës Welt ze verstoen a seng eege Versioun vu Chrëschtdag ze erfannen.

A wéi erwaart steet Chaos um Programm, wann de Kinnek vun Halloween sech bei de Chrëschtdag-Preparatiounen amëscht.

Nightmare before Christmas ass en ale Klassiker vu Walt Disney an de perfekte Film, fir no Halloween a viru Chrëschtdag. Et ass eng klassesch Disney-Story iwwert eng Figur, déi hir Plaz an der Welt fanne wëll an dofir nei Welten entdecke muss. Wonnerschéin animéiert a vun engem perfekte Soundtrack ënnermoolt, mëscht Nightmare before Christmas de Grujel vun Halloween mat der waarmer Chrëschtdagsstëmmung an ass dowéinst en Film fir déi ganz Famill.