
Waarme Béier soll hëllefen
Wéi esou dacks kann ee soen, dass d'Ausnamen d'Reegel bestätegen. An dësem Fall handelt et sech ëm de waarme Béier. Well den Alkohol am waarme Béier quasi verflitt, bléift nëmmen nach den "Hopfen", dee gutt géint d'Erkältung soll sinn. Den Happ enthält ënnert anerem ätheresch Substanzen, déi d'Entzündunge miniméieren an den Heelungsprozess acceleréieren.
Mee wien drénkt da scho gäre waarme Béier?
De schottesch an ireschen "Zaubertrank"
Am kale Wanter setze vill Schotten an Iren op eng Joerhonnert al Traditioun an drénke wann se krank sinn de sougenannten "Hot Toddy". E Cocktail aus Whisky, Hunneg, Zitroun a waarmem Waasser. Wëssenschaftlech mécht den Drink absolut kee Sënn, mee wat sou laang scho mat Erfolleg ugewannt gëtt, kann dach net sou verkéiert sinn. De sougenannten "Hot Toddy" soll op alle Fall mat verstännegem Ëmgang genoss ginn.