Glühwäi-Kinnigin 2018Eldoradio sicht d'Glühwäi-Kinnigin 2018

Dat gouf et nach ni! Eise Serrig & David sichen déi éischten Eldo Glühwäi-Kinnigin zu Lëtzebuerg! D'Catherine vum Eldo wënscht sech och e Glühwäi Kinnek!

Leschten Update: 04.12.2018, 09:24:03

© Eldoradio

Eis Eldo-Equippe vum Freiden, de Serrig & David sichen dëst Joer déi éischte Glühwäi-Kinnigin! Ma d'Männer solle net vergiess ginn, dowéinst kritt och de Glühwäi-Kinnek eppes!

Scheckt eis är Foto mat engem gudde Glühwäin via Whatsapp eran op de 691 947 577 oder maacht eis eng Mail op studio@eldoradio.lu

Traditionell verdeelt den Eldo den 10. Dezember erëm Gratis-Glühwäi um Wantermaart an der Stad. An dem Kader ginn eis Gewënner ausgezeechent a kréien de Präis vun der Glühwäi-Kinnigin an dem Glühwäi-Kinnek!

Lauschtert hei den Opruff vum Serrig & David

(All d'Fotoe ginn op eldo.lu an enger Galerie verëffentlecht! Mam eraschécke vun ärer Foto gitt dir eis den Accord, dass mir dës Foto verëffentlechen dierfen!)

Links