Life of Bryan - Disney MonopolyEwéi grouss kann d'Mickey Mouse ginn?

Disney a Marvel schéngen hir Franchisen anzesammelen. Firwat dat kéint sinn, soen ech iech hei.

04.12.2018, 12:02:13

© Disney+

Nodeems ee bei Luke Cage an Iron Fist villäicht nach spekuléiere konnt, dass d’Unzuel u Benotzer, déi d'Filmer gekuckt hunn ze déif war, ass et bei Daredevil extrem onwahrscheinlech.



D’Ukënnegung vum Ofbroch vun Daredevil leet no, dass d’Kooperatioun tëscht Netflix a Marvel Studios deemnächst dem Enn zougoen kéint.

Eng Iwwerraschung ass den Ofbroch vun dëser Bezéiung net wierklech, well Marvel zënter 2009 Walt Disney gehéiert. Disney huet sech iwwer d’Joren net nëmmen e Portfolio u Film Franchisen a Studioe kaf, mee och den technesche Know-How ugesammelt, fir hir eege Streaming-Säit opzebauen.

LINK / Walt Disney a firwat de Streaming Service Hulu fir se wichteg ass

Den Endproduit dovunner ass Disney+, eng Streaming Säit wéi Netflix mat allem wat Disney ze offréiere huet. Den ikonesche Konglomerat wëll domat en Zougang zum Online-Streaming Maart fannen an Netflix domat Konkurrenz maachen.

Op den éischte Bléck kéint ee mengen, dass Disney nëmmen al Filmer unzebidden huet - dat täuscht awer. Walt Disney Studios dominéiert nämlech zënter 1995 d’Film-Industrie als de profitabelste Filmstudio. Den Ofstand ass nach méi grouss ginn, nodeems Disney 20th Century Fox fir 71 Milliarden opkaaft huet an elo prinzipiell bal een Drëttel vun der Filmindustrie besetzt.


Infographic: Disney-Fox Deal to Shake Up the Movie Industry | Statista You will find more infographics at Statista



DisneyPixarMarvelAvatar a Star Wars. Wann der also an de nächste Joren och nëmmen ee vun deene Filmer wëllt kucken, kéint et sinn, dass der en Disney+ Abo nieft Netflix braucht...

Links