Mat brongen Ae gutt am Bett?!Aefaarf vs. Charakter

Verschiddener stinn op blo Aen, anerer hunn brong Ae léiwer an nach aneren ass d'Aefaarf egal. Mee wat seet är Aefaarf iwwert äre Charakter aus?

04.12.2018, 08:33:37

© Unsplash

Wann dir männlech sidd, blo Aen an eng Sunnyboy-Frisur hutt, stinn är Chance gutt, dass 13-16 Joer al Meedercher gäre mol eng Glace mat iech iesse ginn.

Mee allgemeng zielt: Leit mat bloen Ae solle besser an der Schoul si, well se sech Aktivitéiten zäitlech besser opdeele kënnen an allgemeng besser organiséiert sinn a méi konzentréiert schaffen.

Dëst gëllt natierlech och fir d'Aarbecht a fir Sportaarte wéi zum Beispill Golf, Schach a Laangstreckelaf.

Beim Sport bleiwe mer och elo. Jidderee mat brongen Aen huet nämlech en ugebuerent Talent fir Sport. Op een dat elo notzt ass natierlech jidderengem selwer iwwerlooss mee op alle Fall sinn déi richteg Viraussetzunge scho mol do! 

Dat ass awer nach laang net alles. Wie brong Aen huet, iwwerzeegt net just am Sport mee och am Bett. Egal wéi eng Aefaarf da hutt, enttäuscht klammt dir net ënnert der Decken eraus, wann äre Partner brong Aen hat.

© Unsplash


Gréng ass jo bekanntlech d'Faarf vum Gléck. A sou ass et dann och bei Leit mat gréngen Aen. Dës handelen ausserdeem an de meeschte Situatiounen aus dem Bauch eraus, a verbonne mat hirem Gléck treffen se esou dann och meeschtens déi richteg Entscheedung.

Wann är Aefaarf elo net dobäi war, well dir eng gemëschten Aefaarf hutt, da kënnt dir iech glécklech schätzen. Dir profitéiert dann nämlech vun den Attributer vun deenen zwou Faarwen.