Reklamm-LigeCoca-Cola Waasser kritt "Gëllene Wandbeidel"

Coca-Cola kritt dëst Joer de "Gëllene Wandbeidel" fir säi Waasser "Glacéau Smartwater". "Foodwatch" no wier d'Waasser net besser wéi aner Produiten.

Leschten Update: 09.12.2018, 06:18:07

© pexels.com

Si mer mol éierlech: kee gëtt gäre beduckst! Och am Supermarché ginn d’Verbraucher reegelméisseg duerch Reklamm-Lige vun de Produzente getäuscht. Dat bleift allerdéngs net ouni Konsequenzen. Fir déi 8. Kéier gouf vu Foodwatch elo de sou genannten Gëllene Wandbeidel verginn. Een Negativpräis fir déi schlëmmste Reklamm-Ligen.

Och dëst Joer stoungen nees 5 Produite fir den Negativpräis zur Auswiel. Et geet ëm Verspriechen, déi op der Etikett oder an der Reklamm fir de Produit gemaach ginn, u sech awer net ganz richteg sinn.

Eng knapp Majoritéit huet sech dës Kéier fir Glacéau Smartwater vu Coca-Cola entscheet. D'Entreprise versprécht hei een optiméiert Waasser. D'Waasser soll verdämpt erëm opgefaangen, an da mat de verluerene Mineralien erëm ugeräichert ginn. Coca-Cola no wier d‘Waasser besonnesch kloer a frësch, dat bei der selwechter Qualitéit wéi normaalt Waasser.

Der Verbraucherschutz-Organisatioun Foodwatch no géif et sech hei ëm ganz normaalt Mineralwaasser handelen. Et wier just bis zu 7 mol méi deier. Fir de Verbraucher Suen aus der Täsch ze zéien, hätt ee sech hei eng Verschaffungsprozedur ausgeduecht, déi wëssenschaftlech klengt, awer komplette Blödsinn wier. Coca-Cola huet och schonns reagéiert a fënnt dës Negativ-Auszeechnung net gerechtfäerdegt. Et géif een de sou genannte Präis dann och net unhuelen.

Lo kann ee sech natierlech d’Fro stellen, wat dësen Negativpräis bis ewell bewierkt huet? D'lescht Joer hat e Kannerkichelche vun Alete wéinst engem ze héijen Zockergehalt gewonnen, oder besser gesot verluer. No der Kritik, de Kichelche wier fir Puppelcher ze vill gezockert, gouf d’Etikett geännert. D’Wuert babygerecht gouf deemno gestrach.

Richteg vill geännert huet d’Entreprise Hipp. Hire Kannertéi a Polwerform gouf wéinst dem héijen Zockergehalt kritiséiert. Doropshi gouf de Produit vum Marché geholl. Duerno hunn si een neie Kannertéi erausbruecht, dee bal zockerfräi ass.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:

Links