UmaachspréchWéi schwätzen ech mäi Géigeniwwer un?

Mam anere Geschlecht an d'Gespréich ze kommen ass net ëmmer ganz evident. Zemools wann ee vu Natur aus éischter introvertéiert a schei ass.

Leschten Update: 09.12.2018, 06:16:59

© Unsplash

Et muss jo awer e Wee ginn, wéi dir op der nächster Betribsfeier zum Beispill déi Mataarbechterin uschwätze kënnt, déi iech schonn déi ganzen Zäiten net méi aus dem Kapp geet. An dat natierlech ouni e mega penibelen Optrëtt hinzeleeën.

Yes! Dee gëtt et! Benotzt einfach ee vun dësen Tipps oder NET penibele Spréch, fir dass dir d'Äis nächst Kéier ganz gekonnt gebrach kritt.

1. "Cool Schong! Iwwerhaapt gefält mir däi ganzt Outfit zimlech gutt." D'Konversatioun mat engem Outfit-Kompliment unzefänken ass nach ni schif gaangen. Also kann ee roueg dorop zréckgräifen.

2. Stellt op kee Fall "Jo" oder "Nee" Froen. Frot als éischt nom Numm a schwätzt dann en aktuellt Thema un, bei deem dir zwee eppes driwwer ze ziele wësst. "Hey, ech sinn den ...! Wéi ass däin Numm? Wéi eng Serië kucks du grad op Netflix? Ech si mat mengen nämlech fäerdeg a brauch e puer Tipps."

3. Aekontakt! Ganz wichteg ass Aekontakt. Ob dir am Gaang sidd mat Schwätzen oder den anere mat iech schwätzt, ass egal. Haalt Aekontakt. Dir musst just oppassen, dass dat Ganzt net creepy gëtt, also kuckt och roueg eemol kuerz ewech. Mee op kee Fall op de Buedem kucken, dat signaliséiert nämlech Onsécherheet.

4. Wann dir absolut net wësst, wat dir soe sollt, da sot dat einfach. "Ech iwwerleeë schonn déi ganzen Zäit, wéi ech mat dir an d'Gespréich komme kann, mee mir fält näischt an. Wouriwwer wëlls de gär schwätzen?"

Mee opgepasst! Ween deen heite Wee aschléit, leeft Gefor, ofzerwéiert ze ginn. Net jidderee fënnt et léif, witzeg oder attraktiv vun engem ugeschwat ze ginn, dee keng Anung huet, wat e soe soll.

Elo sidd dir also beschtens gerëscht, wann dir nächst Kéier een oder eent uschwätze wëllt. An deem Sënn, vill Gléck!