Kanadierin geet viralSchonn eppes vun der Wanter-Allergie héieren?

Kal Loft geet schonn duer, datt eng 21-järeg Kanadierin enorm Péng verspiert – d'Temperaturen am Wanter kéinte fir si souguer liewensgeféierlech ginn.

Leschten Update: 09.12.2018, 06:18:16

Esou gesäit déi sougenannten "Nesselsucht" - respektiv d'Wanter-Allergie - aus. © YouTube Screenshot

D'Wieder am Wanter ass fir vill Leit onangenehm: Et ass net just kal, et gëtt all Dag fréi däischter an d'Sonn wäert een déi nächst Méint och net méi dacks gesinn. E weideren negativen Effekt hunn d'Minustemperaturen dann och op eis Haut oder eis Gesondheet.

Ma kal Loft geet schonn duer, datt eng 21-järeg Kanadierin enorm Péng verspiert – d'Temperaturen am Wanter kéinte fir d'Arianna Kent souguer liewensgeféierlech Konsequenzen hunn.

Di jonk Kanadierin leit nämlech ënnert der am däitsche Sproochgebrauch bekannter "Nesselsucht" (op Lëtzebuergesch Urticaire). Vergläiche kann een dës Krankheet mam Beréiere vun enger Brennessel. Hei handelt et sech dann ëm eng Aart Ausschlag op der Haut. Et kann zu extremem Bass kommen oder roude Plazen. Am schlëmmste Fall kënnen d'Otemweeër esou opschwëllen, datt déi betraffe Persoun keng Loft méi kritt.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Ëmgangssproochlech kann di Krankheet och als Wanter-Allergie bezeechent ginn. Den Ausschlag géif sech der Kanadierin no ufillen, wéi wann ee mat enger klenger Nol an d'Haut pickt. D'Arianna Kent kann duerch d'Beréierung mat der Loft oder Waasser en allergesche Schock kréien.

Bei der Autoimmunkrankheet handelt et sech deemno net just ëm en onangenehme Bass, an deem heite Fall kann et zu engem anaphylaktesche Schock kommen.

Souguer wann di jonk Fra kaalt Waasser drénkt, géif sech dat esou ufillen, wéi wa si keng Loft méi géif kréien – ee liewensgeféierlecht Symptom vun der Wanter-Allergie. Fir Noutfäll huet d'Fra eng Adrenalin-Sprëtz bei sech, si deet sech am Zwiwwel-Look un an evitéiert generell, bei kalen Temperaturen aus dem Haus ze goen – an der Uertschaft an där d'Arianna wunnt, kënnen d'Temperature mol gären op -40 Grad falen...

Hei eng weider Fra, déi ënnert der Wanter-Allergie leit: