Bezéiungsfal ChrëschtdagD'Fest vun der Léift oder vun den Trennungen?!

Statistiker beleeën, datt Chrëschtdag dacks d'Héich-Saison vum Bezéiungsstress ass.

Leschten Update: 05.12.2018, 11:01:33

© Unsplash

Alles ass schéi beliicht, d'Liefkuchhäerzer hänke vun de Stänn an d'Koppele këssen sech ënnert dem Mëspel-Aascht. Chrëschtdag ass ouni Zweiwel d'Zäit vun der Léift - an d'Saison vun den Trennungen. Richteg héieren! Wien mengt, datt ronderëm d'Feierdeeg ëmmer alles "Friede Freude Eierkuchen" ass, deen huet déi lescht Jore de Chrëschtdagsstress wuel erfollegräich verdrängt.

Kuckt een op d'Statistike maachen nämlech zimlech vill Leit kuerz virun de Feierdeeg Schluss, dat beleeën och d'US-Daten iwwer Bezéiungsstatus-Ännerungen op Facebook. Aus deenen Informatioune geet eraus, datt nieft Mäerz, virun allem Chrëschtdag d'Héich-Saison vu kritesche Bezéiungsphasen ass. Esou stellen déi meeschten Notzer hiert Profil am Dezember vun "an enger Bezéiung" zréck op "Single".

Bleift am Fong just nach d'Fro firwat eng Zäit, an där mer eis eigentlech alleguerte sollte gären hunn, fir Trennunge suergt.


D'Image als Fest vun der Léift ass eppes, d'Realitéit ass allerdéngs eppes ganz Aneres. Grad an der Vir-Chrëschtzäit zéie mer nämlech eis Jores-Bilanzen an do falen engem d'Problemer natierlech all mateneen an d‘An. Grad an dat neit Joer wëll een awer keng Laaschte matschleefen an esou befreit ee sech léiwer kuerzfristeg, ier een sech nach weider an eppes verrennt.

Ausserdeem sinn déi meescht am Dezember am Gaangen d'Feierdeeg ze plangen, an dobäi ginn et direkt e puer Punkten, déi d’Leit ofhaken.
1. Wëll ech dëse Partner menger Famill virstellen?
2. Wëll ech dës emotional Zäit mat dësem Partner verbréngen?
Froen, déi bei ville Koppele fir Onsécherheet an der Bezéiung suergen.

Nieft familiären Differenze kënnt och nach de Virbereedungsstress. D’Nerve si souwisou strapazéiert, wann d’Erwaardungen un d’Feier dann och nach ausernee ginn, kann aus dem harmonesche Fest séier eng explosiv Stëmmung ginn. Do hëlleft just Kommunikatioun, well wie wëll scho wéinst enger Lametta-Diskussioun d’Bezéiung op d’Spill setzen.

Kaddoe sinn och en Dauerthema a kënnen en Ausléiser fir d'Schlussmaache sinn. Grad bei der Sich no engem passende Geschenk iwwerdenkt een dat wierklecht Verhältnis zum Partner a wann ee souwisou schonn Zweiwel hat, da wär et dach méi einfach, virdru Schluss ze maache wéi fir d'éischt nach Suen an Energie an e Kaddo ze stiechen.

Lauschtert hei de Reportage!


Wann der dës kritesch Situatioune virun de Feierdeeg erlieft kënnt der iech also scho mol preparéierenm datt d‘Bezéiungsliichter ënnert dem Chrëschtbeemchen eventuell ausgoe kéinten.