Academy AwardsKevin Hart trëtt als Oscar-Host zeréck

Nodeems de Kevin Hart e Mëttwoch confirméiert hat, datt hien d'Oscars 2019 moderéiere wäert, trëtt hien als Host zeréck.

Leschten Update: 07.12.2018, 08:56:45

© AFP/File/ANGELA WEISS

De Kevin Hart moderéiert d'Oscar-Gala 2019 elo awer net. Dat huet de Schauspiller a Comedian e Freideg iwwert säin Instagram- an Twitter-Account matgedeelt. Grond heivir sinn al Tweets vum Schauspiller, déi elo nees opgetaucht sinn. Hei huet hien homosexuell Leit ugegraff a schwulefeindlech Aussoe gemaach.

Den Hart huet sech e Freideg an engem Instagram-Video fir seng Wierder "aus senger Vergaangenheet" entschëllegt. Hie sot awer och, datt hie bei den Oscars keng Oflenkung wéilt sinn.

Wien d'Moderatioun iwwerhëlt, ass nach net gewosst. Déi 91. Oscar-Gala ass dann de 24. Februar 2019.

D'American Film Institute hat e Mëttwoch dann och d'Lëscht mat den 10 beschte Filmer vum Joer erausginn. Dës Lëscht gëllt als Indice dofir, wéi eng Filmer bei den Oscars grouss Chancen hunn, ze gewannen.

Bei de leschten Academy Awards hu 7 vun 10 Filmer op dëser Lëscht och en Oscar kritt. D'Nominéierunge ginn den 22. Januar 2019 annoncéiert.

  • "BlacKkKlansman"
  • "Black Panther"
  • "Eighth Grade"
  • "If Beale Street Could Talk"
  • "The Favorite"
  • "First Reformed"
  • "Green Book"
  • "Mary Poppins Returns"
  • "A Quiet Place"
  • "A Star Is Born