Besser schlofenLéiwer den Hond wéi de Partner am Bett?!

Eng Etüd beleet: Frae schlofe besser, wann se sech d’Bett mam Hond deelen, wéi mam Partner…

Leschten Update: 09.12.2018, 06:18:38

© Pexels

Den Hond gëllt als beschte Frënd vum Mënsch, ma deen hëlt ee jo och net onbedéngt mat an d’Bett oder? Beim Hond kéint ee sech dat awer definitiv iwwerleeën, mat deem soll een enger Etüd vum Canisius College zu Buffalo, New York, nämlech besser schlofen.

962 Fraen an den USA goufe vun de Fuerscher online dozou befrot wéi sech d’Präsenz vun Hausdéieren op de Schlof vu Mënschen auswierkt. Vun dëse Fraen hu 55% ugi mat hirem Hond an engem Raum, oder souguer Bett, ze schlofen. 31% haten eng Kaz bei sech. A weider 57% soen, datt se hiert Schlofgemaach mat hirem Partner deelen. Dat iwwerraschend Resultat: Vun allen dräi méigleche Schlofpartner – Mënsch, Hond, Kaz – hunn d’Fraen nieft engem Hond déi bescht Ergebnisser erziilt.

Hei war d’Schlofqualitéit am angenehmsten well d’Wierkung vum Hond am wéinegsten als Stéierung empfonnt gëtt. Ausserdeem associéieren d’Participante vun der Ëmfro d’Präsenz vum Déier mat positiven Emotiounen, fillen sech doduerch méi sécher an d’Nuetsrou gëtt soumat méi erhuelsam.

Wien awer net genuch Plaz fir 3 am Bett huet, dee misst elo villäicht emol driwwer nodenken op de Partner oder de Véierbeener em zu méi Schlof verhëlleft...