'Forbes'-Magasinn7-Järegen ass bescht-bezuelte YouTuber 2018

De Ryan aus den USA ass dem renomméierte Magasinn no awer kee "normaalt" Kand: Den 7-Järege verdéngt mat sengem eegene YouTube-Channel Milliounen.

Leschten Update: 06.12.2018, 16:02:19

© Screenshot YouTube / https://www.youtube.com/watch?v=8EIIMyJGoVk

17 Milliounen Abonnenten an e Joresakommes vun ongeféier 22 Milliounen Dollar: De 7-järege Ryan aus den USA gehéiert mat senge Videoen zu de bescht-bezuelte YouTuber vum Joer 2018. Ënnert anerem sinn am Forbes-Ranking natierlech dacks Make-Up-Artisten oder Beauty-Blogger a Gamer-Experte vertrueden – de klenge Ryan awer mécht et ganz einfach an analyséiert Spillsaachen.

Rezensioun iwwer Spillsaache vun engem Kand – dat schéngt ze klappen. Schätzunge vu Forbes no soll de Jong tëscht Juni 2017 an Juni 2018 22 Milliounen US-Dollar verdéngt hunn, ëmgerechent ass dat e Joresverdéngscht vun 19,4 Milliounen Euro. Den Channel mam Numm "Ryan ToysReview" besteet zënter Mäerz 2015 an de Jong kënnt op bal 26 Millioune Video-Opriff. Wéi et weider heescht, géif ee mëttlerweil souguer Spillsaachen ënnert sengem Numm um Marché ze kafe kréien.



Op Plaz 2 huet et de Schauspiller Jake Paul gepackt. Hie rappt a a prankt d'Leit a senge Videoen – domat soll den 21-Järege Forbes no net manner ewéi 21,5 Milliounen US-Dollar verdéngt hunn. Seng Videoe sinn da méi wéi 3,5 Milliarde Mol gekuckt hunn.

Lauschtert hei de komplette Reportage

Hannendru placéiert sech de Fënnef-Mann-Grupp "Dude Perfect". Bal 37 Milliounen Abonnenten hunn hire YouTube-Channel gekuckt, op deem et ëm verréckt Stunten an Tricke geet. De Mix aus Sport a Komedie soll fir en Akommes vun 20 Milliouen Dollar responsabel sinn.



Op den anere Plazen ass nach de Gamer Daniel Middleton wéi och de bekannte Make-Up-Kënschtler Jeffree Star vertrueden. Fir de Ranking huet de Magasinn d'Recettë virun de Steieren aus de leschten 12 Méint ausgerechent, ouni d'Käschte fir Agenten, Manager oder Affekoten ze consideréieren.