Chrëscht-Kaddoe vum ChefEmployéeë favoriséiere Primmen oder Couponen

Nieft dem 13. Mount oder Chrëschtdagsprimmen ginn et nach vill aner Méiglechkeeten, d'Employéeën ze motivéieren.

Leschten Update: 06.12.2018, 08:27:54

© Pexels

D'Chrëschtzäit steet virun der Dier an dat heescht nieft der feierlecher Stëmmung, vill Iessen an eventuell esouguer e bësse Schnéi natierlech och vill Geschenker. Déi, déi schaffe ginn, freeën sech doriwwer eraus awer och op Chrëschtdagsprime vun hirem Patron oder de sougenannten 13. Mount. Domat seet d'Entreprise jo an der Reegel senge Mataarbechter Merci, e Muss sinn dës Suen awer net. Ma et ginn och nach aner Méiglechkeete fir de Patron oder d'Entreprise sengen Employéeë Merci ze soen.

Majoritéit zitt Primmen oder Coupone vir

D'Fuerschungsinstitut Toluna sollt fir d'Entreprise Sodexo, déi jo och bei eis am Land vertrueden ass erausfannen, wat sech d'Employéen an Däitschland fir Chrëschtdag als Geschenk vun hirem Chef wënschen an ob a mat wat déi dann um Enn hir Mataarbechter belounen.

75% vun den Employéeën hunn an dëser grouss ugeluechter Ëmfro uginn, dass si Primmen oder och Coupone mat engem gewëssene Wäert géife begréissen. Dat, well duerno fräi doriwwer kann decidéiert ginn, firwat d'Sue sollen ausgi ginn.

All 3. Mataarbechter geet eidel aus

Ma leider ass dat ville Cheffen egal, well nëmme 40% vun deene kommen dësem Wonsch och wierklech no. All 3. Mataarbechter kritt souguer guer näischt vum Chef, wat d'Entreprise méi kleng ass, wat dësen Taux an d'Luucht geet. An dat obwuel scho méi laang bekannt ass, dass esou Leeschtungen zur Motivatioun vum Mataarbechter bäidroen.

Méi grouss Entreprise sinn däitlech méi spendabel. E Véierel vun den Employéeë kréien iwwerdeems Bicken, Schockela oder aner Klengegkeeten, nëmme 40% krute wéi gesot Primmen oder Suen op anerem Wee.

Majoritéit vun de Lëtzebuerger Employéeë kritt Suen

Nieft Séissegkeeten ass e beléifte Chrëschtgeschenk vum Chef awer och Alkohol. Zu Lëtzebuerg kann iwwerdeems d'Majoritéit sech net weider iwwer d'Geschenk vum Patron opreegen. 2014 hat de STATEC an enger Ëmfro erausfonnt, dass ronn 87% vun deenen déi hei schaffen eng Primme an iergendenger Form kréien, och wann d'Entreprise wéi gesot dozou net verflicht ass – et sief dann et wier am Kollektivvertrag fixéiert.