"Ein Känguru wie Du" Parlamentaresch Fro vun ADR suergt fir Opreegung

D'parlamentaresch Fro vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser mécht op de sozialen Netzwierker de Moment d'Ronn.

Leschten Update: 09.12.2018, 06:16:18

© Screenshot chd.lu

De Moment suergt eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte Fernand Kartheiser un den Educatiounsminister Claude Meisch fir Opreegung. Wéi et vum ADR-Deputéierten heescht, hätte Kanner aus enger Klass vum Cycle 4.2 d'Theaterstéck mam Numm "Ein Känguru wie Du" misste kucke goen an hei wier et de Kanner no haaptsächlech ëm Homosexualitéit gaangen. Sou d'Wierder vum Fernand Kartheiser.

An deem Kader sinn eng Partie Froen un de Minister Claude Meisch gestallt ginn:

Wieren esou Theaterstécker am Educatiounsplang vun der Schoul virgesinn a géif eng Obligatioun bestoen, dës kucken ze goen?
Wéi vill Klassen hätte scho missen esou Theaterstécker kucke goen a wier de Claude Meisch der Meenung, datt dat fir de Cycle 4.2 altersgerecht wier?
An ob et och virgesi wier, datt d'Kanner Theaterstécker "heterosexuell, traditionell an natierlech Familljen ze weisen an deenen dee Liewensmodell positiv duergestallt gëtt"?

Am Theaterstéck, dat eigentlech op engem Buch baséiert, geet et ëm d'Muecht vun de Viruerteeler an et soll weisen, datt e Liewen ouni Viruerteeler besser wier.

D'parlamentaresch Fro ass eréischt leschte Méinden den 3. Dezember agereecht ginn, ob eng Äntwert vum Claude Meisch muss een deemno wahrscheinlech nach e bësse waarden...

© Screenshot chd.lu
Links