Online-RankingDës Schauspiller spillen an de schlechtste Filmer mat

D'Jessica Alba an de Mike Epps stinn un der Spëtzt vun enger Lëscht, déi absolut kee Schauspiller uféiere wëll...

10.12.2018, 06:01:13

© Pexels

Si zwee stinn op den éischte Plaze vun de männleche respektiv weibleche Schauspiller, déi an deene leschten 20 Joer bei deene schlechtste Filmer matgespillt hunn.

Den Online-Site GoCompare.com huet Schauspiller analyséiert, déi an deene leschten 20 Joer op d'mannst 20 Mol an engem engleschsproochegen a net-animéierte Film eng wichteg Roll gespillt hunn.

D'Bewäertung vun de Filmer gouf via Kritiken an den User-Bewäertunge vu verschiddene Säiten ermëttelt an zesummegefaasst. Doraus ass dann eng weiblech an eng männlech Lëscht entstanen.

Jessica Alba spillt an de schlechtste Filmer mat


Béi de Fraen ass et d'Jessica Alba, dat ganz uewen un der Spëtzt steet. Hat krut am duerchschnëttleche Kritiken-Ranking nëmmen 39 vun 100%. Ganzer 5% vu senge Filmer goufen als positiv bewäert an e Groussdeel mat bal 60% als negativ. De Recht vun de Bewäertungen ass neutral. Kritiker no ass de Film "Professor Love" aus dem Joer 2015 de schlechtste Film, deen hat jee gedréint huet, mee och aus Filmer wéi "Into The Blue" an "Honey" kennt een hat. 
Un zweeter an drëtter Platz hu ma d'Schauspillerinne Jessica Biel an Heather Graham, bekannt aus "Happy New Year" an "Hangover". D'Leit fannen hei och nëmme 4% respektiv 9% vun de Filmer mat dësen zwou Actrice gutt.


Mike Epps spillt an de schlechtste Filmer mat

Mat ganzen 38% féiert de Mike Epps net nëmmen d'Lëscht vun de Männer un, mee huet domat och nach e méi schlechte Wäert wéi d'Jessica Alba. De Mike kennt een aus Filmer wéi "Uncle Drew" a "Resident Evil 2". De Bewäertungen no huet hien nëmmen 5% gutt, 36% neutral a 59% schlecht Filmer an ass soumat dee Schauspiller, deen an de schlechtste Filmer matgespill huet. Op zweeter Plaz hu ma de Kevin Pollak aus "Dr. Dolittle 2" a "War Dogs" an op drëtter Plaz de Josh Duhamel aus de Filmer " Save Haven" a "Love Simon".

Lauschtert hei de komplette Reportage