Koalitiounsaccord och international Thema"Dat kléngt Lëtzebuerg dréit op"

Vun eisem klenge Ländche gëtt déi lescht Deeg och an der internationaler Press geschwat - dat wéinst de verschiddene Punkten am Koalitiounsaccord.

Leschten Update: 07.12.2018, 04:48:21

© Lars Hagberg / AFP

Lëtzebuerg ass natierlech déi eng oder aner Kéier an der internationaler Press vertrueden, ma si mer awer mol éierlech – esou dacks kënnt dat elo och net vir. Zënter dem 30. November ass de Koalitiounsaccord bekannt an dat interesséiert net just eis - international Medie schreiwen och iwwert déi eenzel Punkten, déi festgehale gi sinn.

Eent vun de groussen Themen ass natierlech de geplangte gratis ëffentlechen Transport fir 2020. Dat huet ënnert anerem och Bento, de jonken Online-Format vu Spiegel Online, opgegraff. An engem Artikel heescht et:

„Dat klengt Lëtzebuerg dréit op. […] Kënnt dat Gesetz, ass Lëtzebuerg dat éischt Land op der Welt mat gratis ëffentlechem Transport.“



Och beim briteschen Independent war dat en Thema:

„Während deem ee sech a Groussbritannien op Tickete virbereet, déi 2019 3,1% méi kaschte sollen, ass Lëtzebuerg dat éischt Land op der Welt, dat d'Käschte fir den ëffentlechen Transport ofschafe wëll.“



A souguer a Rumänien schwätzt een doriwwer. De rumäneschen Online-Site ziare.com huet sech och mam gratis ëffentlechen Transport befaasst, grad esou wéi euronews.com oder och The Guardian:

„Lëtzebuerg huet eng progressiv Attitüd a Saache Mobilitéit gewisen. Am Summer eréischt huet d'Regierung den Transport fir Kanner a Jonker gratis gemaach.“



Ma dat Thema, wat och hei am Land schonn an de leschte Méint diskutéiert ginn ass, ass natierlech d'Legaliséierung vum Cannabis. Wéi zeit.de richteg schreift, ass eréischt leschte Juni e Gesetz guttgeheescht ginn, dat de Cannabis als Medezin legaliséiert.

Op nau.ch heescht et:

„Lëtzebuerg dreift d'Legaliséierung vu Cannabis fir de fräie Gebrauch fir Erwuessener virun.“

Oder och bei t-online.de war ze liesen:

„Déi nei Regierung zu Lëtzebuerg huet grouss Pläng: Am klenge Staat soll Kiffen an Zukunft erlaabt sinn.“



Weider Theme waren déi zwee supplementär fräi Deeg, d'Andämme vum Tanktourismus oder och d'Erhéijung vum Mindestloun. Mir dierfen also gespaant sinn, ob dës Punkte wierklech agehalen a bannent dëser Legislaturperiod och ëmgesat ginn...

Lauschtert hei de komplette Reportage