Forbes-KlassementU2: Kee verdéngt méi wéi si!

Forbes weist, wéi eng Museker hir Suen musse mam Camion op d’Bank bréngen - a sengem Klassement vun de bescht bezueltste Museker vum Joer.

07.12.2018, 05:01:27

U2© afp

De legendären Jazz-Pianist Sänger Nat King Cole soll eemol gesot hunn, dass hien just aus engem eenzege Grond am Museksbusiness ass - "nämlech fir Suen ze verdéngen". Dëse Wieder no ass et dëst Joer fir eng iresch Band am beschte gelaf: Keng aner Band huet 2018 esou vill verdéngt wéi d’Museker vun U2. Der aktueller Lëscht vum Forbes-Magasinn no hunn de Bono a seng Bandkollegen ëmgerechent ronn 104 Milliounen Euro ageholl.

Ganz no hannendru landen Coldplay mat 102 Milliounen Euro op der 2. Plaz, iwwerdeems den Ed Sheeran mat sengen 97 Milliounen Euro als éischte Solokënschtler op der Träppchen steet.

De Bruno Mars kroopt sech mat 88 Milliounen Euro di 4. Plaz an d‘Katy Perry lant mat 73 Milliounen Euro als bescht-bezueltste Fra op der 5. D‘Top 10 completéieren Taylor Swift, Jay-Z, Guns N' Roses, Roger Waters a Sean Combs.

Och op deene weidere Plazen fënnt ee bal just Nimm, déi weltwäit bekannt sinn, dorënner Beyoncé op Plaz 11, Depeche Mode op Plaz 15 a Lady Gaga op Plaz 19.

Ee finanziellen Desequiliber gëtt et tëscht männlechen a weibleche Museker: Just 6 vun de Museker aus den Top 30 si weiblech.

Lauschtert hei de ganze Reportage