Wourun erkennt een d’Freaks?Hard Core Christmas-Fans

Last Christmas an der Dauerschleife? Sou vill Beliichtungen datt ee keen An méi zoukritt? Oder eng Spënnche voll Liefkuch?

Leschten Update: 07.12.2018, 09:42:14

Ufank Dezember, alles ass beliicht, iwwerall gëtt et Schockela a sou lues a lues ertéinen och déi éischt Chrëschtlidder op Eldoradio. Wien sech elo opreegt datt de Christmas Wahn all Joer éischter lassgeet, dee gehéiert net zu folgender Kategorie: Hard Core Chrëschtdag Fans!

D’Saison fänkt fir Iech NET am Dezember un, ma offiziell no Halloween. Sou bal d’Geeschter, d’Doudekäpp an d’Hexen aus de Regaler verschwannen, ass Zäit fir Chrëschtdag. Dat geet vun dekoréiere bis Iessen an natierlech och der passender Musek. Déi ganz Passionéiert, begrenzen sech natierlech net op d’Zäit tëscht dem 1. November an 1. Januar, heemlech gëtt do ronderëm d’Joer vun de Feierlechkeete gedreemt.

D’Haus ass net beliicht, et ass eng eenzeg Luucht! Wien laanscht äert Haus fiert muss drun denken de Sonnebrëll op d’Nues ze dinn, wien laanscht geet hätt besser direkt Sonneschutz 50 drop ze maachen. Deko steet bei iech op der Nummer 1, ma net nëmme vu banne soll et glënneren, och bausse muss dat passend Gewannt fir d’Maueren hir. Hei gëllt wat méi faarweg, wat méi festlech!

"Last Christmas", "Santa Baby" oder "Stille Nacht" – Haaptsaach d’Glacke laude, de Chouer sengt an d’Thema ass Chrëschtdag! Är go-to Song-Lëscht, wann der mol grad keen Eldoradio lauschtert, besteet zu 100% aus feierleche Lidder.

Moies de Schockela aus dem Adventskalenner, Mëttes e Boxemännchen an Owes e Liefkuch - Ze drénke gëtt et e gudde Glühwäin. Sou bal d’Supermarchéen di saisonal Produiten am Regal hunn, leet dir se an de Caddie. Ma domat net genuch : Hard Core Fans hunn net 1 Adventskalenner, si hunn der direkt 10.

Deen een oder anere kann doriwwer villäicht nëmmen de Kapp rëselen, mee wéi dir aus engem bekannte Chrëschtdagsfilm wësst: Handelt et sech do dann ëm e Grinch, deen den Esprit vun der Saison einfach net bekäppt. Dat kann Iech awer net stéieren, da maacht dir einfach all Owend en anere Chrëschtdagsfilm un, an esou ka keen Hater Iech d'Stëmmung versauen.