
© Unsplash
03.12.2018 : Wéi nennt een en ale Schnéimann? Pull
04.12.2018 : Wou kënnt Silvester viru Chrëschtdag?
Am Duden
05.12.2018 : E Mann iwwerfält eng Bank. Wou en do
fäerdeg ass, geet en eraus a freet eng
vun de Geiselen: "Hues de gesi wéi ech
d'Bank iwwerfall hunn?"
D'Geisel äntwert mat jo, a gëtt dorops hin
erschoss.
Do freet de Raiber eng zweet Geisel:
"Hues de gesi wéi ech d'Bank iwwerfall hunn?"
Och dës äntwert mat jo a gëtt erschoss.
De Raiber freet eng drëtt Geisel:
"Hues de gesi wéi ech d'Bank iwwerfall hunn?"
Dës äntwert: "Nee! Mee meng Fra huet alles ganz
genau gesinn!"
06.12.2018 : Ënnerhalen sech zwou Käerzen.
Seet déi eng: "So... Ass Waasser eigentlech geféierlech?"
Seet déi aner: "Jo dovu kanns de ausgoen"
07.12.2018 : Wat ass den Ënnerscheed tëscht enger bestueter Fra an dem Jesus?
De Jesus huet just eng Nuecht nieft engem Iesel misse schlofen.
10.12.2018 : De Joé an de Kevin sëtzen an engem Bistro, do seet de Joé ganz stolz:
"So, ech hu mir e Puzzle vun 100 Stécker kaf, an ech hunn deen elo no 2 Méint
fäerdeg kritt!"
Do äntwert de Kevin:
"Wéi? 2 Méint ass jo awer näischt fir sech ze bretzen!"
De Joé dorops erëm:
"Ma dach! Op da Këscht steet 2-4 Joer."
11.12.2018 : Samschdes Moies wëll eng Fra gären an de Supermarché fueren. Se sëtzt
sech an den Auto, mee et gëtt iergendwéi kee Stéck. Se fréckelt bësse ronderëm,
mee et deet sech einfach näischt. Do rifft se dann hire Mann un:
"Ech sëtze grad am Auto, mee dee fiert iergendwéi net?"
Genervt äntwert de Mann hier:
"Wann ech net dobäi sinn, muss de lénks sëtzen..."
12.12.2018 : Zwee Männer sëtzen am Bistro un der Bar. Freet deen een:
"Sa, wat mëss du eigentlech berufflech?"
Äntwert deen aneren:
"Ech maache Schlësselen no"
Ganz erstaunt freet deen aneren erëm:
"Ah sou? Wéi mécht e Schlëssel dann?"