
© epicgames.com
Fortnite gehéiert zu den am meescht gefeierte Spiller an der Games-Industrie. A wat Mainstream ass, gëtt och gäre vu selwer-ernannten Hardcore-Gamer als schlecht Spill vernannt, wat näischt zum Medium bäidréit.
Ech selwer sinn och kee mega Fortnite-Fan an hunn et no e puer Stonnen erëm op d'Säit geluecht, mee gläichzäiteg sinn ech awer der Meenung, dass Fortnite eent vun den am beschten ënnerstëtze Spiller ass a vill Facteure vun engem wierklech gudde Spill huet.
Fortnite ass no enger chaotescher Entwécklung 2017 als Koop Shooter erauskomm an hat nëmme wéineg Succès. De wäitaus méi bekannte Battle Royale Modus ass eréischt erauskomm, nodeems ee Battle Royale Spill, PUBG, sech als extrem populär erwisen huet. Den Entwéckler Epic Games huet eng Méiglechkeet gesinn, hiert Spill dem Trend unzepassen an d’Schicksal vu Fortnite ze dréinen.
Déi Versioun vum Spill ass extrem populär ginn an huet PUBG schnell iwwerholl. Iwwerflächlech kéint een elo soen, dass et nëmmen dorunner läit, dass Fortnite méi einfach a méi accessibel als Spill ass an dowéinst méi Léit ugezunn huet, mee dat ass menger Meenung no nëmmen ee vun e puer Grënn.

De Grond, firwat Fortnite esou populär ginn ass a weiderhin u Popularitéit gewënnt, läit doru wéi d’Spill vun den Entwéckler ënnerstëtzt gëtt.
Epic Games bréngt reegelméisseg grouss Updaten eraus an et sinn net einfach nëmmen e puer néi Géigestänn oder technesch Weiderentwécklungen, déi bäikommen. Den Entwéckler organiséiert ganz Events a kreéiert ganz Geschichte ronderëm dës Events.
We’re back and ready for a frosty adventure! Check out our blog for details about Season 7 and the new Battle Pass. https://t.co/XSOLMzhOtz pic.twitter.com/Io7ZK6DanK
— Fortnite (@FortniteGame) December 6, 2018
Et ass dee reegelméissege Floss un néien Inhalter, deen di al Spiller bei der Staang hält an néi Spiller unzitt, eppes wat PUBG absolut net mécht.
Ob ee Fortnite elo gären huet oder net, ass natierlech eng Affaire de Goût. Mee den Entwéckler Epic Games huet en Trend erkannt a sech deem net nëmmen ugepasst, mee och ugefaangen, hir eegen Trends ze kreéieren.
Dat ass keen Zoufall a kee Gléck, mee en Zeeche vun engem gudde Gespier fir d’Industrie an dem Wëllen, sech dem Maart unzepassen.