Trotz ReeperiodenHierscht 2018 war ze dréchen an ze waarm

Den Hierscht ass zanter dem leschte Samschdeg op d'mannst a meteorologescher Hisiicht fäerdeg. Grond genuch also, fir e klenge Bilan ze zéien.

Leschten Update: 07.12.2018, 16:32:08

© Pixabay

Während den Hierscht fir déi meescht vun eis wuel nach ëmmer ze naass war, ass dëst awer nëmmen e subjektiven Androck. D'Date vun de verschiddene Wiederstatiounen uechter d'Land weisen nämlech eppes komplett aneschtes.

September, Oktober an November ware relativ dréchen

Virun allem de September an den Oktober ware relativ waarm an dréchen. Dat obwuel Enn September den Orkan „Fabienne“ iwwer d'Land gezu war an nieft vill Wand och uerdentlech Reen mat sech bruecht hat. Ma d'Wiederdéngschter haten z.B. den 18. September zu Iechternach nach e Maximum vun 31,8 Grad gemooss.

Och am Oktober war et dann erëm ongewéinlech waarm an dréchen, ier och hei am leschten Drëttel méi Wolleken dominéiert hunn, déi dann och Nidderschlag mat sech bruecht hunn.

Den November war dunn erëm ufanks méi frëndlech, ma och hei huet méi schlecht Wieder d'Enn vum Mount dominéiert. An et ass dann och däitlech méi kal ginn.

Hei de Reportage am Toun!


3 Méint waren däitlech méi waarm wéi Vergläichsperioden

-6,2 Grad waren op der Statioun zu Schëmpech den 3. November gemooss ginn. Allgemeng louchen d'Temperaturen um Findel awer während den 3 Méint dacks däitlech iwwer deene vun de Vergläichsperioden. Während et also däitlech méi waarm war ass awer och däitlech manner Reen, respektiv Schnéi gefall.

Den Hierscht 2018 war de Wiederdéngschter no domat deen drëtt-dréchensten Hierscht zanter 1947. Obwuel den Trend vun der Dréchent sech domat weider fortsetzt, hat d'Wieder am Hierscht awer och eppes Guddes.


Wäi profitéiert vun Temperaturen an Dréchent

Esou hunn déi waarm Temperaturen an dat dréchent Wieder dozou bäigedroen, dass d'Lëtzebuerger Wënzer en aussergewéinlech gutt Wäijoer haten. Bis op vereenzelt liicht Schied wéinst der Dréchent, waren d'Drauwen zeideg a gesond.

D.h. och wann een net zefridde mam Wieder am Hierscht war, kann een sech awer no 2 problematesche Joer wéinst Frascht a Krankheeten op e ganz gudde Joergang 2018 vun der Musel freeën.