London CallingD'Londoner spille Whamageddon

Bei Whamageddon geet et drëm, esou laang ewéi méiglech NET Last Christmas vu Wham ze héieren. Dat ass méi einfach gesot ewéi gemeet...

11.12.2018, 04:00:37

Et gëtt wuel kee Chrëschtdagslidd dat d’Meenunge vun de Leit méi spléckt ewéi Last Christmas vu Wham. Wärend déi eng Leit direkt de Radio ausschalte musse soubal se et héieren, kënnen aner Leit es einfach net genuch dovunner kréien. Och hei zu London ass dat net anescht. Elo, gëtt et hei an der britescher Haaptstad awer en neit virtuellt Spill mam extrem passenden Numm Whamageddon, vir all déi Leit, déi Last Christmas haassen.

Lauschtert hei d'Reportage:



D’Reegele vu Whamageddon sinn einfach:

  1. D’Zil vum Spill ass et Last Christmas esou laang ewéi méiglech néierens ze héieren
  2. D’Spill start den 1. Dezember an hält de 24. Dezember ëm Mëtternuecht op
  3. Nëmmen d’Original vu Wham zielt. Cover-Versiounen dierfe gäre gelauschtert ginn
  4. Du hues d’Spill verluer soubals de d’Lidd enzwousch héiers an erkenns. Als tapfere gefalenen Held gëtt deng Séil dann op Whamhalla geschéckt an du muss bis d’nächst Joer waarden, iers de rem matmaache kanns


Wat ganz simpel klengt, kann awer an enger Groussstad ewéi London mat dausende Restauranten, Bars a Butteker déi all Chrëschtdagsmusek spillen, immens schwéier sinn.

Wien d’Lidd dann effektiv enzwousch héiert soll op Social Media poste wéini a wou säi perséinleche Whamageddon passéiert ass, selbstverständlech zesumme mam passenden Hashtag.

Ob dann iergendeen et packt tatsächlech ni Last Christmas ze héieren ouni sech fir de Rescht vum Mount doheem anzubunkeren, bleift ofzewaarden. D’Chance stinn zimlech schlecht. Am Moment ass Last Christmas nämlech nees op Platz 14 vun de britesche Singlecharts.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter