
© https://www.pexels.com/de-de/foto/schreibtisch-buro-arbeiten-computer-9346/
50 Joer dono ass kee méi doriwwer erstaunt. Fir jiddereen ass d'Maus eng Banalitéit. Dag fir Dag huele Milliarde Mënschen d'Maus an de Grapp. Mir gräifen, beweegen, klicken a scrollen. D'Maus ass banal an trotzdeem onersetzlech. Fir een dee mam PC muss schaffen, eng onméiglech Virstellung ouni Maus ze hantéieren. Bis haut ass d'Maus den einfachste Wee mat Maschinnen ze kommunizéieren.
Ouni d'Entwécklung vun der Maus wären ënner anerem vill aner Entwécklunge guer net virstellbar gewiescht. Betribssystemer wéi Windows oder Mac OS, Software fir d'Textveraarbechtung bis hin op Spiller: All dat géing aneschtes ausgesinn. Obwuel d'Computermaus so erfollegräich ass, léisst sech net hiert Ausstierwen onbemierkbar maachen. Wann ee bedenkt, déi éischt Mënschen déi keng Maus benotzen, si scho gebuer. Ëmmer méi geet d'Mënschheet a Richtung Touchscreen a sou weider.
Domadder huet sech awer dem Douglas Engelbart seng Visioun méi wéi erfëllt: d'Erweiderung vum mënschlechen Intellekt, sou wéi hien et am Joer 1962 geschriwwen huet.
Kuckt hei de Video vun der Présentatioun am Joer 1968 un!