Är Äntwerten1 Joer schonn: Wat halen d'Leit vum Tram?

Den 10. Dezember ass den neien Tram zu Lëtzebuerg offiziell ageweit ginn - ee Joer dono geet den Tronçon da scho bis op d'Stäreplaz.

Leschten Update: 10.12.2018, 15:34:24

© Eldoradio

E Méindeg den 10. Dezember ass et ee Joer hir, dass den Tram seng éischt Kilometer iwwert de Kierchbierg gemaach huet. An enger éischter Phas war et bis bei d'Rout Bréck gaangen, zënter dem Summer geet den Tronçon da bis op de Lampertsbierg a weider erof op d'Stäreplaz.

Enn 2020 soll den Tram da bis erof op d'Stater Gare fueren, hei hunn d'Aarbechten iwwerdeems och schonn ugefaangen.

Ma wat halen d'Leit mëttlerweil vum Tram? Sinn se zefridden, freeën se sech de weideren Ausbau vun der Stréck oder sinn se iwwerhaapt net begeeschtert? Mir hunn iech dobausse gefrot:

Lauschtert hei är Äntwerten




© Eldoradio