En Account fir ären Hond ?!Social Network fir Muppen

En Instagram Profil hunn déi meescht vun eis. Verschiddener leeë souguer sou ee fir hiert Hausdéier un. Dat ass elo allerdéngs net méi néideg.

11.12.2018, 05:01:53

© Unsplash

Baltoo huet nämlech elo 2 Apps um Marché, fir dass eis Véierbeener och elo Social Media aktiv kënne sinn.
Baltoo soll dech nämlech bei denger deeglecher Routine mam Hond ënnerstëtzen, an dir dat ganzt méi motivéierend, ënnerhalsam, intressant a souguer lukrativ gestalten.

Déi éischt App heescht DogGo a léisst de Problem vum Gassi goen, wann de Besëtzer selwer grad keng Zäit huet, krank ass oder schaffe muss. An der App fënnt een d'Profiller vun de sougenannten "Gassi Geher", jeeweils mat aktuellem Standuert, Bewäertung, Informatiounen a Präisser. Do sicht een sech dann deen eraus, deen engem am meeschten zouseet a schéckt dësem eng Ufro.

Bezuelt gëtt iwwer Kreditkaart oder Giropay. Verséchert ass den Hond wärend dem Gassi goe souguer och. De ganze Spadséiergang kann an der App dann och iwwert e Live GPS Tracker verfollegt ginn, a chatte kann ee mam "Gassi Geher" natierlech och.

© Unsplash


Hier zweet App mam Numm Baltoo Friends belount iech dofir Zäit mat ärem Hond ze verbréngen. An dat am beschten dobaussen a mat vill Beweegung. Baltoo Friends ass bësse wéi Instagram fir Hënn. Kuckt wat anerer posten, liked deenen hier Biller, chat mat hinnen a sammelt bei allem wat dir maacht Punkten. Oder besser gesot Petcoins.

Wat dir mat ärem Hond méi Gassi gitt, wat dir och méi Petcoins kritt. Oder maacht bei Foto Concourse mat an gewannt esou Petcoins. Dës kënnen herno am Petcoin Shop géint richteg Produiten, sief et Léngten oder Spillsaache fir ären Hond ageléist ginn.

Deelt är Gassi Erliefnisser also roueg mat anere Leit, déi är Passioun deelen an amuséiert iech, ärem Hond dat coolst Profil unzeleeë wat Social Media jee gesinn huet.