
© Fadel SENNA / AFP
23 Ziler a punkto Migratioun
164 Länner, dorënner och Lëtzebuerg, hunn dësem Ofkommes zougestëmmt an dat soll fir eng éischte Kéier global Linne fir eng international Migratiounspolitik festhalen. Domat soll och d'Zesummenaarbecht tëscht de verschiddene Länner verbessert ginn fir domat och besser géint illegal a chaotesch Migratioun kënne virzegoen.
Donieft soll d'Migratioun esou och méi sécher gemaach ginn.
Méi genee definéiert dëse Pakt 23 Ziler, déi och den Donneschdeg schonn zu Lëtzebuerg diskutéiert gi sinn. Esou bezéien sech dës Ziler ënner anerem op e méi staarke Grenzschutz fir domat illegal Migratioun ze verhënneren, d'Lutte géint Schleiser an eng besser Koordinatioun vu Rettungsasätz fir Migranten.
#Luxembourg welcomes the adoption of the @UN Global Compact for Safe, Orderly and Regular #Migration in #Marrakech pic.twitter.com/S3QZ2RI7K8
— MFA Luxembourg 🇱🇺 (@MFA_Lu) 10. Dezember 2018
Pakt soll national Souveränitéit net beréieren
Nieft den Auswierkunge sollen awer och d'Ursaache vun der Migratioun ugepaakt a Réckféierunge vu refuséierten Asyldemandeure vereinfacht ginn.
Un den Diskussioune waren am Ganzen 192 Staate bedeelegt a vill dovun hunn de Verloscht vun hirer nationaler Souveränitéit gefaart. Dat obwuel am Ofkommes de Respekt vun dëser Souveränitéit ënnerstrach gëtt an dëst net verbindlech ass.
Ënner anerem Ungarn, Polen, Éisträich, Australien, Israel a Bulgarien hunn de Pakt z.B. net ugeholl. D'USA hunn net emol un den Diskussiounen deelgeholl.
Hei de Reportage am Toun!
Zil ass Leed a Chaos ze evitéieren
An deem Sënn huet den UN-Generalsekretär António Guterres nach emol kloer gestallt, dass de Pakt et der UNO net géif erlaaben, fir an Zukunft Memberstaate Virschrëften a Saache Migratiounspolitik ze maachen.
Hie géif hoffen, dass déi, déi sech net bedeelegen hir Entscheedung nach emol géifen iwwerdenke fir domat Leed a Chaos a Saache Migratioun kënnen ze evitéieren.