YouTube RewindRéckbléck vum Joer 2018

YouTube resuméiert, wat d'Community an de leschten 12 Méint beweegt a begeeschtert huet...

Leschten Update: 10.12.2018, 15:50:41

© Screenshot YouTube

YouTube Rewind ass de Joresréckbléck vun der Videoplattform YouTube. 
An engem Video gëtt resuméiert, wat d’Community an de leschten 12 Méint beweegt a begeeschtert huet. 
Sief et a Punkto Events a Musek, awer och a Saachen Trends a Videoen, déi viral gaange sinn. 

2018 stoung de Réckbléck ganz ënnert dem Motto: Everyone Controls Rewind.

Mat dobäi natierlech Fortnite, dat aktuell wuel beléiftste Videospill op der Welt. De passenden Danz vun de Spillfigure kritt dann och säin Optrëtt.

Musikalesch huet virun allem K-Pop dominéiert, virrangeg natierlech d’Bangtan Boys, kuerz BTS, eng Boy-Band aus Südkorea.

Och beléift am Joer 2018: De Yodeling Kid an d’In My Feelings Challenge, déi duerch dem Drake säi Welthit entstanen ass.

Dobäi kommen och nach deels skurril Challengen, wéi zB Mok-Bang. Hei geet et einfach dorëmmer, Bierger un Iessen ze verdrécken an sech dobäi ze filmen.

Awer och méi eescht Theme ginn am Rewind ugeschwat.

Lauschtert hei de Reportage


D’Joer 2018 resuméiert an 8 Minutten. 

Allerdéngs kënnt de Rewind dëst Joer guer net gutt un. Elo schonn ass de Rewind dee Video mat den zweetmeeschten Dislikes iwwerhaapt. Kritiséiert gëtt virun allem, dass verschidde grouss YouTuber, wéi de PwDiePie guer net mat dobäi sinn.

Dofir awer Promis wéi de Will Smith, déi mat YouTube guer Näischt um Hutt hunn. Kritiker behaapten och, de Video géif net de Wonsch vun de Viewer respektéieren. Events, déi beweegt hunn, wiere guer net integréiert sinn.