
© Unsplash
Et ass wéi all Joer: De Mount Dezember fänkt un an et huet een d’Gefill, et hätt een nach masseg Zäit, fir seng Kaddoen ze besuergen. Meeschtens weess ee jo souwisou net, wat maachen oder kafen a waart - villäicht kënnt engem am Laf vum Mount jo nach e "Geistesblitz". Am Endeffekt geet et dann awer wéi all Joer an den Dag viru Chrëschtdag hetzt ee vu Buttek zu Buttek. Mat dëse last minute-Geschenkiddie bleift engem dee Stress awer villäicht erspuert.
Vergiesst de langweilegen, an am beschten nach selwer gebastelte Bong, dee jidderengem an der Famill de Message gëtt "him ass mol erëm näischt Besseres agefall". Aplaz séier eppes op e Blat ze kritzelen, kaaft léiwer Tickete fir en Event oder e Concert, op deen der iech zesummen drop kënnt freeën.
Wann der wësst, datt déi Persoun, déi der beschenke wëllt, en absolute Liibhaber vu Séissem ass, dann hutt der e liicht Spill. Kichelcher bake geet natierlech ëmmer, nach méi schéin ass et awer eegene Schockela ze kreéieren. Schockela schmëlzen, dee mat der Persoun hire Liiblingsingrédiente verbannen an se an enge Form fëllen a kal gi loossen. Fäerdeg ass déi ganz perséinlech Tablette.
Do it yourself ass insgesamt ëmmer eng gutt Iddi. Domat menge mer natierlech net, datt ee mat enger Pesch-Pistoul op déi gëlle gesprayte Makkaroni soll lassgoen. Mëttlerweil ginn et eng ganz Partie DIY-Projeten, déi mat bësse Méi op d'mannst genee esou schéi wéi selwer kaafte Kaddoe sinn. Vun selwer gemaachte Spa-Produite fir d‘Diven, bemoolten Tase fir déi Koffein-süchteg oder engem Kalenner mat Fotoe fir d’neit Joer, mat selwer gebastelte Kaddoe wéist der, datt der Iech Gedanke gemaach an Zäit investéiert hutt.
Wien net esou de Bastel- oder Bak-Held ass, awer och net ouni Plang duerch d’Butteker renne wëll, dee kann sech natierlech online ëmkucken. Eng sëllech Online-Shoppe bidde gift-guides un. Hei fannt dir mat Sécherheet genuch Inspiratioun, fir mat Zäiten di richteg Iddi ze fannen.
A wann der absolut näischt fannt fir eng Persoun, da brauch déi villäicht och einfach näischt. Probéiert et an deem Fall dach einfach mol mat spenden a maacht aner Leit glécklech.